D'USA an d'EU hu sech op en Handelsaccord gëeenegt, deen, no Aussoe vum US-President Donald Trump, 15 % Zoll op Wueren aus der EU virgesäit.

"Mir sinn eis eens ginn. Et ass en Accord, dee fir jidderee gutt ass“, sot den US-President Donald Trump e Sonndeg no sengem Treffe mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, dat a sengem Golfresort zu Turnberry a Schottland.

Och d'Von der Leyen huet vun engem "gudde Kompromëss" geschwat: "Mir hunn elo en Handelsaccord tëscht deenen zwou gréisste Wirtschaftsmuechten op der Welt. Dat ass e groussen Accord, e risegen Accord“, sot si nom Gespréich mam Trump.

D’EU-Kommissioun hat sech intensiv fir en Accord mat den USA agesat, fir d’Handelsbezéiungen am Wäert vun 1,9 Billiounen US-Dollar d’Joer ze sécheren. Den Trump hat Ufank Abrëll e Sträit ëm Taxe mat Handelspartner weltwäit ausgeléist.

D'Europäer engagéiere sech och fir de Kaf vun amerikanescher Energie an et solle Milliarden an den USA investéiert ginn. Den Taux vu 15% soll op de meeschten Importer gëllen, zum Beispill Autoen, Semi-Conducteuren a Pharma-Produiten. Op verschiddene strateegesche Produkter solle keng Strofen applizéiert ginn, zum Beispill fir de Beräich Weltraum. D'Taxen um Stol an Aluminium bleiwen dogéint bei 50%.

Der EU hat hie rezent nach mat Taxe vu 30 % gedreet, déi den 1. August a Kraaft getruede wieren, wann et bis dohinner keng Eenegung ginn hätt.