D'USA a China verhandelen nees iwwer eng Deseskalatioun vum Handelskonflikt

© afp
No engem provisoreschen Zollofkommes mat der Europäescher Unioun verhandelen d’USA elo och erëm mat China.
Vertrieder aus Washington a Peking sinn e Méindeg an der schwedescher Haaptstad Stockholm fir Handelsgespréicher zesummekomm, wéi e Spriecher vum schwedesche Premierminister Ulf Kristersson confirméiert huet. Eng weider Frist-Verlängerung gëllt als warscheinlech.
China hat virum Ufank vun der drëtter Verhandlungsronn seng Hoffnung op "géigesäitege Respekt“ ausgedréckt. Peking wëll "de Konsens duerch Dialog a Kommunikatioun ausbauen, Mëssverständnesser reduzéieren, d’Zesummenaarbecht stäerken an d’stabil, gesond an nohalteg Entwécklung“ vun de Bezéiunge mat den USA fërderen, sou e Spriecher vum chineeseschen Ausseministère. En Dënschdeg soll och nees weider diskutéiert ginn.
Den US-President Donald Trump hat jo Ufank Abrëll Stroftaxe géint China an eng Rëtsch aner Staate verdeelt. Peking huet mat Géigentaxe reagéiert, wouropshin den Donald Trump seng Taxen nach weider erhéicht huet. Tëschenduerch louchen d'Taxen op béide Säiten deels bei iwwer 100 Prozent. Mëtt Mee hu sech d’USA a China dorop gëeenegt, d’Taxe fir d’éischt emol fir 90 Deeg staark ze reduzéieren. Elo steet eng weider Verlängerung vun der Frist am Raum: Den US-Finanzminister Scott Bessent hat dëst Peking d'lescht Woch an Aussicht gestallt.
Mat der Europäescher Unioun huet den US-President Trump de Handelssträit virleefeg bäigeluecht. Hien an d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hunn e Sonndeg den Owend am Kader vum Trump sengem Schottland-Besuch jo en "Deal" ugekënnegt. Deemno gi vum 1. August u fir US-Importer vun de meeschten europäesche Produkter Taxe vu 15 Prozent fälleg. Zousätzlech huet d'Ursula von der Leyen Investitiounen a Milliardenhéicht ugekënnegt, ënner anerem am Energie- an Arméissecteur .