Iran-KrichOp d'mannst 4 Doudeger bei iranescher Hochzäit no US-Ugrëff

RTL mat AFP
Och um Dënschdeg ass et zu géigesäitegen Attacke komm tëscht US-amerikaneschem an iraneschem Militär. Mindestens 4 Gäscht vun enger Hochzäit sollen dobäi ëm d'Liewe komm sinn.
Zu Teheran gëtt op engem grousse Bild de Geck gemaach mam US-President
Zu Teheran gëtt op engem grousse Bild de Geck gemaach mam US-President
© MORTEZA NIKOUBAZL/NurPhoto via AFP

Der iranescher Staatstëlee no wieren am Süde vum Land, laanscht d'Strooss vun Hormus, Explosiounen ze héiere gewiescht, grad esou wéi op enger Insel am Golf vu Persien. Donieft wier an der südlecher Provënz Kerman e Fluchhafe getraff gi vun US-amerikanesche Rakéiten. Och an de Stied Tschahbahar a Konarak wiere Projektiller néier gaangen, woubäi et awer keng Detailer gouf iwwer eventuell Schied.

Donieft wieren am Süde vum Land, zu Bandar Kuhestak am Landkrees Sirik, op d'mannst 4 Gäscht vun enger Hochzäit duerch en US-amerikaneschen Ugrëff déidlech blesséiert ginn, sou offiziell iranesch Quellen. Mindestens 50 weiderer wiere blesséiert ginn, wéi d'Haus, an deem d'Zeremonie war, getraff gouf. Dem US-Central Command no wieren hir Attacken d'Äntwert gewiescht op Ugrëffer vun de Revolutiounsgarden op kommerziell Schëffer an der Strooss vun der Hormus an op Membere vum amerikanesche Militär, déi an d'Regioun geschéckt gi sinn. Ob d'Hochzäit express getraff gi wier, ass net preziséiert ginn.

Dem US-President Donald Trump no wieren hir Missiounen d'Äntwert op déi iranesch Versich, an der Strooss vun Hormus weider Minnen ze leeën. Ausserdeem wieren aacht iranesch Rakéiten, déi eng Base a Jordanien als Zil haten, erfollegräich ofgeschoss ginn. Sollten d'Garden op déi gerechtfäerdegt Attack äntweren, sou den Trump weider, géife si vill méi haart ugegraff ginn.

Washington géif esou Replicken awer bedaueren, huet e Spriecher vun der Revolutiounsgarden geschriwwen, schwéier Bestrofunge géingen op den "Aggressor" waarden. Spéider huet eng iranesch Noriichtenagence gemellt, dass eng "decisiv Operatioun" vum iranesche Militär géint den US-Feind ugefaangen hätt.

Back to Top
CIM LOGO