Den israeelesche Ministerpresident hält trotz massiver Kritik um Plang, d'Stad Gaza anzehuelen, fest. Et wier de "beschte Wee" fir en Enn vum Krich.

Viru Journalisten e Sonndeg huet de Benjamin Netanjahu betount, datt Israel u senge Pläng, Gaza City anzehuelen, festhält. De Plang, dee vum Sécherheetscabinet accordéiert gouf, wier "de beschte Wee, fir de Krich ze stoppen, an de beschte Wee, e séier op en Enn ze bréngen", sot den israeelesche Ministerpresident. Israel géing "sécher Korridore" fir "d'Liwwerung an d'Verdeelung vun Hëllefsgidder" an d'Palästinensergebitt erméiglechen, huet hien annoncéiert.

Säi Land hätt net vir, d'Gazasträif ze besetzen, betount den Netanjahu. "Eist Zil ass et net, Gaza ze besetzen, mä eng zivil Verwaltung an der Küstesträif ze etabléieren, déi net mat der Hamas oder der palästinensescher Autonomieautoritéit a Verbindung steet"", sou de Ministerpresident weider.

An der Nuecht op e Freideg hat den israeelesche Sécherheetscabinet de Plang, fir d'Stad Gaza anzehuelen, ugeholl. D'Initiativ stéisst international an och bannent Israel op staark Kritik.

Wärend dem Netanjahu seng ultrariets Koalitiounspartner him virwerfen, nëmmen "hallefhäerzeg" géint déi radikalislamesch Hamas an der Gazasträif virzegoen, sinn e Samschdeg zéngdausende Mënschen an Israel géint d'Regierungspläng op d'Strooss gaangen. Si fäerten, datt eng Intensivéierung vum Krich d'Liewe vun de Geiselen, déi nach an der Gazasträif sinn, a Gefor kéint bréngen.

International gëtt gefaart, datt déi elo scho katastrophal humanitär Situatioun vun de Palästinenser an der Gazasträif nach méi schlëmm gëtt.

E Sonndeg befaasst sech och den UN-Sécherheetsrot mat den israeelesche Pläng vun enger Intensivéierung vum Militärasaz an der Gazasträif.