869 Leit wieren den däitschen Autoritéiten no zeréck an de Grand-Duché geschéckt ginn.

Déi däitsch Bundespolizei huet nei Chiffere publizéiert zu de Grenzkontrolle mat der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg, déi nees zanter Mëtt September d’lescht Joer lafen. Bis Enn Juli goufe ronn 4.100 illegal Areese gezielt, dovunner der gutt 1.300 aus Lëtzebuerg. 869 Leit wieren den däitschen Autoritéiten no zeréck an de Grand-Duché geschéckt ginn.

Alles an allem konnten 144 sougenannte "Passeure" festgeholl ginn a 480 Persounen, géint déi et e Mandat d’arrêt gëtt, goufen erwëscht.

Eréischt d’lescht Woch hat den däitschen Inneminister Dobrindt annoncéiert, d’Kontrollen och wëllen ze verlängeren.
Am Lëtzebuerger Inneministère si mer op Nofro hi gewuer ginn, dass een déi Annonce zur Kenntnis hëlt, an dass ee bei der eegener Positioun bleift, dass et keng Kontrolle bannent dem Schenge-Raum solle ginn.

Lëtzebuerg huet d'EU-Kommissioun schonn iwwert den Dossier a Kenntnis gesat a Bréissel soll elo jugéieren, ob déi däitsch Mesuren néideg a proportionell sinn. Eng Äntwert gëtt sech am Laf vum Hierscht erwaart.

Massiv Iwwerstonne vun de Polizisten

D’Kontrolle kaschten iwwregens net näischt. Zanter September d’lescht Joer mëttlerweil 80 Milliounen €, dovunner bal d’Hallschent eleng fir Iwwerstonne vu Polizisten ze bezuelen. Dat geet aus der Äntwert vun der däitscher Regierung op eng parlamentaresch Fro vun der Lénks-Fraktioun ervir.