Geldstrof géint Donald Trump a seng Kanner opgehuewen

Dem Trump viru Geriicht zu New York / © AFP
Den US-President feiert e weidere juristeschen Erfolleg. An dat, obwuel d'Geriicht confirméiert huet, datt den Donald Trump bedrunn huet.
Zu New York huet en Appellsgeriicht eng Geldstrof vun Honnerte Milliounen Dollar géint den US-President Trump opgehuewen. D'Riichter hunn zwar d'Urteel vum Bedruch confirméiert, hunn d'Geldstrof, déi an éischter Instanz geschwat gouf, awer als "exzessiv" an als Verstouss géint d'US-Verfassung bezeechent. Deemno misst elo eng nei Strof verhaange ginn.
Den Donald Trump a seng Kanner an eng Rei Mataarbechter waren am Bedruchsprozess zejoert zu enger Geldstrof vu 454 Milliounen Dollar verurteelt ginn - inklusiv Zënsen ass d'Zomm awer ëmmer méi geklommen. Den Trump hat dem Geriicht no de Wäert vu senger Trump Organization jorelaang ëm Milliardenzomme manipuléiert, fir u méi bëlleg Kreditter a Versécherungskontrakter ze kommen.
Dem Urteel vum Appellsgeriicht no wier den Zesummenhang tëscht dem Profit an dem Schued net genuch duergeluecht ginn. D'Strof géing deemno net op enger adequater Schätzung baséieren.
Dem President Trump säi Fils Eric huet d'Decisioun als Victoire virun allem iwwer déi demokratesch Procureure générale Letitia James duer: "No fënnef Joer Häll huet d'Gerechtegkeet gewonnen", huet hien op X geschriwwen.