Neie Vizepremier gëtt den Ausseminister vu bis elo David Lammy, deen an Zukunft och de Justizministère iwwerhëlt.

Et ass dëst ee battere Réckschlag fir dem Premier Keir Starmer seng Labour-Partei, déi scho wéinst der schlechter Wirtschaft a Groussbritannien an der Onzefriddenheet mat der Regierung hirer Migratiounspolitik ënner Drock steet. Iwwerdeems d'Rechtspopulisten ëm den Nigel Farage vu Reform UK an de Sondage weider zouleeën. De Premier huet elo e gréissere Regierungsremaniement annoncéiert.

Neie Vizepremier gëtt den Ausseminister vu bis elo David Lammy, deen an Zukunft och de Justizministère iwwerhëlt. Iwwerdeems d'Inneministesch Yvette Cooper déi nei Diplomatiecheffin gëtt an hire Posten un déi aktuell Inneministesch Shabana Mahmood ofgëtt.