Frankräich stoung e Mëttwoch ënnert dem Motto "Bloquons tout".

Ënner anerem zu Paräis, Marseille, Lyon, Montpellier a Bordeaux sinn dausende Leit op d'Strooss gaangen. Si protestéiere géint d’Pensiounsreform, géint d'sozial Ongläichheet, mee och besonnesch géint d'Politik vum President Macron am Allgemengen.

Am Géigesaz zu de groussen Aktiounen a Frankräich waren déi un der Lëtzebuerger Grenz awer méi iwwersiichtlech. Zu Lonkech hu sech eng 50 Mënsche fir eng Protestaktioun zesummefonnt. En offiziellen Organisateur gouf et net. Villméi goung et drëms, zesummen der Onzefriddenheet Loft ze maachen.

An de franséische Stied war d’Bild e Mëttwoch awer en anert. Et goufe Stroosse blockéiert, verschidde Schoulen an Unie bloufe beispillsweis - ëm an zu Paräis - zou. Ausléiser fir d’landeswäit Maniffe sinn d'Pläng vum fréiere Premier François Bayrou, fir d’nächst Joer 44 Milliounen Euro am Budget anzespueren.

Op e puer Plaze koum et zu Affrontementer mat der Police. Fir e Mëttwoch waren eng 80.000 Beamte mobiliséiert ginn, déi den Uerder kruten, haart duerchzegräifen. Honnerte Mënsche goufe festgeholl.

Organiséiert waren d’Maniffe gréisstendeels iwwer Internet vun der Zivilbevëlkerung. Ënnert dem Slogan: "Bloquons tout", nom Virbild vun der Gilets-jaunes-Beweegung vun Enn 2018.