D'Operatioun soll "Eastern Sentry" - iwwersat Wiechter vum Osten - gedeeft gi sinn. Zousätzlech Iwwerwaachung a Kapazitéite fir Loftofwier si virgesinn. 

Dat hunn den NATO-Generalsekretär Mark Rutte an den Ieweschten Kommandant vun den alliéierten Arméien an Europa Alexus Grynkewich op enger Pressekonferenz matgedeelt.

Däitschland hat en Donneschdeg annoncéiert, mat Jette vun der Bundeswehr bei der Kontroll vum polnesche Loftraum ze hëllefen. Och Frankräich wëll Kampfjetten zur Verfügung stellen.

Russland a Belarus féieren iwwerdeems aktuell eng grouss militäresch Übung zesummen duerch. Der Aschätzung vun der NATO no wär se awer keng direkt Gefor fir d'Memberlänner vun der Defense-Allianz. 14 NATO-Memberstaaten trainéieren aktuell am Raum vun der Ostséi.

Zu New York kënnt um Freideg den UNO-Weltsécherheetsrot beieneen, wéinst de russeschen Dronen a Polen.
Op d’mannst 19 russesch Dronen goufen an der Nuecht op e Mëttwoch a polneschem Loftraum detektéiert an zum Deel ofgeschoss.