Duerch de Bau vun neie Siidlunge wäert d'Westjordanland an Zwee gedeelt ginn. Ë.a. Frankräich dréit wéinst deene Pläng, e Palästinenserstaat unzëerkennen.

“Et wäert kee palästinensesche Staat ginn”, seet de Benjamin Netanjahu. Dëst Land gehéiert eis, huet den israeelesche Regierungschef e Méindeg an enger israeelescher Siidlung am Westjordanland verlaude gelooss.

Et géif ee sech u säi Verspriechen halen an d’Land an d’Sécherheet schützen. An der Siidlung Maale Adumim soll sech d’Awunnerzuel verduebelen. 3.400 Wunn-Unitéite solle gebaut ginn. Wéinst senger geographescher Lag spillt d'Gebitt eng wichteg Roll an ass am Konflikt mat de Palästinenser e sensibele Punkt. Eng Bebauung géif d'Westjordanland faktesch an en nërdlechen an an e südlechen Deel splécken. Domat géif d'Schafung vun engem eenzegen Territoire vun engem méigleche Palästinenserstaat méi schwéier, oder souguer onméiglech gemaach ginn.

International Unerkennung vun engem Palästinenserstaat?

Waren d'Pläng an der Vergaangenheet duerch internationalen Drock ëmmer rëm verréckelt ginn, stoussen se elo natierlech op massive Widderstand. Frankräich an eng Rei aner Länner hunn dowéinst ugekënnegt, bei der UNO-Generalversammlung Enn September e Palästinenserstaat wëllen unzëerkennen. Eng Zwee-Staate-Léisung gëtt weider vun Israel refuséiert, well dës d'Existenz vun Israel géing bedréien.
 
Israel hat d’Westjordanland, Ostjerusalem an d’Gazasträif 1967 am “6-Deeg-Krich” eruewert. No internationalem Recht ass d’Opriichte vun israeelesche Siidlungen an deene Palästinenser-Gebidder illegal. Am Westjordanland liewen 3 Millioune Palästinenser a ronn eng hallef Millioun israeelesch Siidler.