Bundestag stëmmt Budget fir 2025

© AFP
Knapp néng Méint nom Ufank vum Joer huet Däitschland de Budget fir 2025 gestëmmt, dee wéinst de virgezunnen Neiwale verréckelt gi war.
D'Deputéiert hunn deemno den éischten Etat vun der neier schwaarz-rouder Regierung en Donneschdeg mat 324 Jo- géint 269 Nee-Stëmmen ugeholl. Virdrun hat de Bundestag och d'Gesetz decidéiert fir e Spezialbudget vu 500 Milliarden Euro fir Investissementer an Infrastruktur a Klimaschutz.
De Budget 2025 géing Depensë vu 502,5 Milliarden Euro virgesinn - also eng 25 Milliarden Euro méi wéi zejoert. Déi nei Scholden am Budget 2025 géingen iwwerdeem bei 81,8 Milliarden Euro leien. Dobäi komme weider Scholde fir Bundeswehr an Infrastruktur. Esou géing d'Neiverscholdung d'nächst Joer op iwwer 140 Milliarden Euro klammen.
Déi néideg Gesetzesännerung fir de Budget fir exzeptionell Depensë fir Infrastruktur vu 500 Milliarden Euro war scho virum Amtsuntrëtt vun der neier Regierung am Mäerz mam Support vun deene Gréngen decidéiert ginn. Dat konkreet Gesetz géing elo mat de Stëmme vun der Union an der SPD ugeholl ginn. Aus dem spezielle Budget géingen 2025 gutt 37 Milliarden Euro zur Verfügung stoen, déi virun allem fir de Klima- an Transformatiounsfong, souwéi Investissementer an d'Verkéiersinfrastruktur an der Bunn virgesi wieren.
Gestëmmt gouf och dat sougenannt "Budgetsbegleetgesetz" fir d'Ëmsetzung vun der Lockerung vun der Scholdebrems am Verdeedegungs- a Sécherheetsberäich. Domat ginn d'Depensë fir Verdeedegung, Zivil- a Bevëlkerungsschutz, Noriichtendéngschter souwéi Hëllef fir Staaten, déi géint d'Vëlkerrecht ugegraff goufen, vun der Scholdereegelung ausgeschloss, wa si ee Prozent vun der Leeschtung vun der Ekonomie iwwerschreiden.
Duerch de Retard wäert de Budget vun e Freideg d'nächst Woch un nëmmen nach fir ronn dräi Méint gëllen. Déi nächst Woch wäert de Bundestag sech dann och scho mam Budget fir 2026 beschäftegen. Dëse soll virun Enn des Joers gestëmmt ginn.