Biedem am August 2025 esou dréche wéi nach ni

© AFP
Am August 2025 waren d'Biedem an Europa an am ganze Mëttelmierraum esou dréche wéi nach ni zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.
Eng Analys vun der Noriichtenagence AFP iwwer d'Donnéeë vum EU-Äerdobservatiounsprogramm Copernicus, déi bis 2012 zréck ginn, huet erginn, datt de leschte Mount 53 Prozent vun de Biedem vun Dréchent betraff waren. Domat leien Zuelen 23 Prozentpunkten iwwer der Moyenne fir den August an de Joren 2012 bis 2024.
Am August 2024 waren den Donnéeën no an der Regioun 36 Prozent vun de Biedem vun Dréchent betraff. De bis ewell héchste Wäert war mat 52 Prozent am Mee 2025 erreecht ginn.
Besonnesch staark betraff vun der Dréchent waren dësen August Osteuropa an de Balkan. A Bulgarien, Kosovo, Serbien an Nordmazedonien hu fir 90 Prozent vun de Biedem d'Alarmniveaue Virsiicht, Warnung oder Alarm gegollt. Um Balkan sinn duerch d'Dréchent vill Bränn ausgebrach, duerch déi zwee Leit ëm d'Liewe koumen an Dausenden Awunner hir Haiser hu misse verloossen.
Och de Weste vun Europa huet deels schwéier ënnert der Dréchent gelidden. Esou ware 70 Prozent vu Portugal vum Manktem u Reen an dréchene Biedem betraff. A Frankräich ware 66 Prozent vum Territoire betraff. An am ëstleche Mëttelmierraum hunn Armenien, Georgien an de Libanon mat engem Taux vu méi wéi 95 Prozent besonnesch staark ënnert der Dréchent gelidden. An der Tierkei waren ëmmerhi 84 Prozent vun de Biedem betraff, wat och hei zu sëllege Bëschbränn gefouert huet.
Fir d'Analys goufen d'Donnéeën zu Reen, Grondwaasser, Flëss an dem Zoustand vun de Biedem iwwer Satellittebiller ausgewäert.