10 rietsextreem Aktiviste wéinst Beleidegung vu Sängerin Aya Nakamura verurteelt

© POOL/AFP/Archiv/Esa Alexander
Konkreet geet et ëm e Virfall virum Optrëtt vun der franséischer Sängerin bei der Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Paräis zejoert.
Déi Ugeklot, déi sech zu engem rietsextreeme Grupp mam Numm "Les natifs" bekennen, haten eng Foto vu sech publizéiert mat engem Banner op deem dropstoung: "Hei ass Paräis an net de Marché vu Bamako". Si goufen dowéinst zu Geldstrofe vu jee 3.000 Euro verurteelt, dat wéinst schwéierer Beleidegung. De Parquet hat Prisongsstrofe vu bis zu 4 Méint gefuerdert, e Spriecher vum Grupp hat sech dogéint op Meenungsfräiheet beruff.
D'Aktioun wier eng Reaktioun op éischt Berichter doriwwer gewiescht, datt d'Aya Nakamura bei der Ouverture vun den Olympesche Summerspiller optrieden an och Lidder vun der franséischer Sängerin Edith Piaf sange sollt. Dem Grupp no géif doduerch "franséisch Eleganz duerch Vulgaritéit" ersat an déi beléift franséisch Chansonen "afrikaniséiert" ginn. Ausserdeem hunn d'Aktivisten nees déi rietsextreem Verschwörungstheorie opgegraff, no där "d'indigent Vollek duerch aussereuropäesch Awanderung verdrängt" gëtt.
D'Aya Nakamura, dat am Mali gebuer ass, gehéiert zu den am meeschte gelauschterte franséische Sängerinnen. Si ass virun allem fir hire provokante Stil a Sproochemix bekannt. Bei der Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller hat d'Nakamura effektiv e spektakulären Optrëtt higeluecht, mee och rassistesch Kommentare vu rietse franséische Politiker ausgeléist.