Poopst Leo XIV schwätzt sech géint gréisser Reformen an der Kierch aus

© Photo by MARIA GRAZIA PICCIARELLA / Middle East Images / Middle East Images via AFP
Am éischten Interview vu sengem Pontifikat schwätzt de Leo XIV sech géint grondsätzlech Ännerunge bei der Haltung vun der kathoulescher Kierch aus.
De Poopst Leo XIV wëll keng grondsätzlech Ännerunge bei der kathoulescher Kierch duerchféieren am Ëmgang mat Fraen, LGBTQ-Rechter oder dem Mëssbrauchsskandal duerch Paschtéier. "Mir mussen eis Astellungen änneren, éier mir iwwerhaapt driwwer nodenke kënnen, d'Haltung vun der Kierch zu enger bestëmmter Fro ze änneren", sot de Leo am éischten Interview vu sengem Pontifikat, dat en Donneschdeg op Spuenesch am Buch "Poopst Leo XIV: Weltbierger, Missionar vum 21. Joerhonnert" verëffentlecht gouf.
Et wier "héchst onwarscheinlech, op d'mannst an noer Zukunft", datt d'Léier vun der Kierch zu Sexualitéit oder Bestietnes géif geännert ginn. De Leo huet seng Ënnerstëtzung fir déi "traditionell Famill" betount, déi aus "Papp, Mamm a Kanner" besteet.
Am Interview huet de Poopst, dee viru véier Méint gewielt gouf, en aneren Toun ugeschloe wéi nach säi Virgänger. De Franziskus, deen op Ouschterméindeg am Alter vun 88 Joer gestuerwen ass, hat wärend sengen 12 Joer Pontifikat ëmmer erëm fir eng méi grouss Ouverture vun der Kierch vis-à-vis vu Mënschen, déi traditionell als Leit, déi sënnegen ugesi goufen – dorënner Membere vun der LGBTQ-Grupp – plädéiert.
Am Gespréich mat der US-Journalistin Elise Ann Allen sot de Poopst Leo elo, hie géing zwar de Wonsch vum Franziskus, jiddereen an der Kierch wëllkomm ze heeschen, deelen, "awer ech luede keen an, well hien eng bestëmmten Identitéit huet oder net huet".
All Thema, dat mat LGBTQ-Froen ze dinn huet, géing ze vill polariséieren, huet de Leo weider betount. Hie géing sech beméien, "d'Polarisatioun an der Kierch net weider ze verstäerken", sou de Poopst am Buch, wat am Peru verëffentlecht gouf.
De Leo hat bal 20 Joer als Missionar am Peru gewierkt, éier hien zum Poopst gewielt gouf.
D'Decisioun vum Franziskus, a ganz limitéiertem Mooss Seenunge fir gläichgeschlechtlech Koppelen ze erlaben, hat virun allem an den USA an a verschiddenen afrikanesche Länner schaarf Kritik vun de Konservativen ausgeléist.
Och bei der vill-diskutéierter Fro vum Zougang vu Fraen zum Amt vun der Diakonin huet de 70 Joer ale Poopst Leo d'Erwaardungen erofgeschrauft: "Ech hu momentan net wëlles, d'Léier vun der Kierch zu dësem Thema ze änneren."
Op ee vun de gréisste Skandaler an der kathoulescher Kierch – de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner duerch Paschtéier – ass de Leo och agaangen. De Mëssbrauch wier zwar eng "richteg Kris", mee bis d'Schold nogewise wier, géif d'Presemption d'innocence gëllen an déi Beschëllegt missten entspriechend "geschützt" ginn.
D'Affer géingen allerdéngs "grousse Respekt" a "Verständnis" vun der Kierch verdéngen, sou de Poopst. D'Thema vum sexuelle Mëssbrauch soll awer wärend sengem Pontifikat "net zum zentrale Sujet vun der Kierch ginn".