Den Traditiouns-Restaurant Postkutsch zu Esch-Uelzecht ass bekannt fir seng franséisch Haute-cuisine.

Op Facebook huet d'Ekipp en Donneschdeg annoncéiert, datt de Patron Claude Magnin e Mëttwoch, de 17. September am Alter vu 66 Joer gestuerwen ass. Hien huet ronn 4 Joerzéngte laang als Gerant d'Geschécker am Escher Gastronomie-Restaurant geleet. Weider Detailer zu der Ursaach vum Dout goufen net genannt.

De Restaurant wäert an nächster Zäit wéi geplangt opbleiwen.