Wéinst de Spuerpläng vun der franséischer Regierung hunn en Donneschdeg Dausende Leit a Frankräich protestéiert.

A ville Schoulen ass den Unterrecht ausgefall, eleng zu Paräis waren 90 Prozent vun de Schoulen zou. An enger Partie Lycéeën hu souguer Schüler demonstréiert. Ronn d'Hallschent vun alle Regionalzich sinn ausgefall an zu Paräis sollten d'Metroe just wärend dem Beruffsverkéier fueren.

Eng 800.000 Leit gi sech bei den 250 ugemellten Demonstratiounen uechter vill franséisch Stied erwaart. Fir Ausschreidungen ze verhënneren, sinn eng 80.000 Polizisten a Gendaarmen am Asaz. Zu Paräis goufen d'Proprietäre vu Butteker opgeruff, hir Geschäfter zouzeloossen an d'Regierung huet Employéeë geroden, wa méiglech Homeoffice ze maachen.

Ausléiser vun de Protester, zu deene Gewerkschaften opgeruff haten, waren d'Spuerpläng vum antëscht gestierzte Premier Bayrou. Hie wollt 44 Milliarden Euro spueren, andeems ënnert anerem zwee Feierdeeg ewechfale sollten.

Säi Successeur Sébastien Lecornu, deen nach keng nei Regierung ernannt huet, beréit aktuell mat Vertrieder vun de Parteien, fir e Kompromëss fir de Budget vum Land mat héije Scholden ze fannen. Déi geplangt Annulatioun vun den zwee Feierdeeg huet hien awer scho gestrach. Donieft huet hie gewëss Aschränkunge bei Privileegie fir fréier Premierministeren annoncéiert.