Firwat wannen d'Populisten op der Insel am Rekordtempo u Popularitéit?

De Rietsruck ass uechter bal ganz Europa ze spieren. An Däitschland huet de Weekend d’AfD jo nach mol hir Popularitéit bei de Kommunalwale an NRW gestäerkt
A bei eise franséischen Noperen wënnt de Rassemblement National – ronderëm Käpp ewéi Le Pen a Bardella jo zanter Joren u Stëmmen… Ma besonnesch op der Insel wannen d’Populisten am Rekordtempo u Popularitéit.
De leschte Weekend hu sech zu London eng 150.000 Mënsche versammelt, fir géint Migratioun ze protestéieren. Den Tommy Robinson huet d’Maniff geleet – a schwätzt vun enger "kultureller Revolutioun". Hien ass e riets-radikalen Extremist deen der Iwwerzeegung ass, datt den Islam eng "psychesch Krankheet ass – an net eng Relioun vum Fridden". Säi Mouvement an de Personage selwer soll souguer vum Tech-Milliardär Elon Musk matfinanzéiert ginn. Deen och zu London per Video dobäi-geschalt war. Hie rifft souguer zu Gewalt op de Stroossen op.
Déi politesch Landschaft a Groussbritannien ass iwwert déi lescht Joren direkt e puer mol gutt duerchgerëselt ginn. D’Tories-Party huet sech mat schlechten Decisiounen an engem Karussell un neie Gesichter op dem Poste vum Premier selwer an d’Aus geschoss. De sozialistesche Keir Starmer, deen zanter engem gudde Joer mat senger Labour Partei um Rudder ass, ass schon ugeschloen. An zanter der Entloossung vu sengem Ambassadeur an den USA – dem Peter Mandelson wéinst deem sengen enke Relatiounen zum Sexual-Stroftäter Jeffrey Epstein – lafe souguer Rumeuren, datt de Starmer soll ofgeléist ginn. An dat ass net dem Premier säin eenzege Problem. Well och déi politesch Riets sëtzt ëm am Genéck. Zanter Méint ass d’Reform UK Partei an den Ëmfroen fir Parlamentswalen 2029 fir.
Dës Reform Partei existéiert am Fong réischt zanter 2021. Se huet sech nom Brexit, wou se nach Brexit Party geheescht huet – ëmbenannt. Se huet aktuell zwar just 4 Sëtzt am Parlament – an ass 322 Stéck ewech vun enger Majoritéit. Ma zanter, datt den Nigel Farage d’Spëtzt vun der Partei d’lescht Joer iwwerholl huet, geet et richteg virun an d’Partei huet sech professionaliséiert.
D’Haapthema vun der Partei, ewéi hei um Kongress zu Birmingham virun 3 Wochen, ass d’Migratioun. Déi sougenannt "onkontrolléiert Awanderung" iwwert den Ärmelkanal ass op enger Rekordhéicht. Elleng 33.000 Mënsche sinn esou d’lescht Joer an d’Land komm. An de Farage wëll all déi Leit verhaften, aspären an deportéieren. An enger éischter Phas wieren 600.000 Leit betraff, esou säi Verspriechen, sollt hie Prime Minister ginn.
A Groussbritannien gëtt et d’Gefill, datt et mam Land biergof geet – virun allem an der Provënz. Et geet ëm iwwerfëllten Dokter-Cabineten, eng héich Aarbechtslosegkeet oder Busser, déi net méi fueren. Vill Leit sichen no Schëllegen dofir. An de Farage weess dës Frustratioun – mat vill Erfolleg - ze notzen.
De Farage gëllt e bëssen als Anti-Politiker an dat kënnt bei ville Leit gutt un.
E seet, wat en denkt. Hält sech net zeréck. An en huet … Charisma. An dat gëtt aktuell enorm bei Parteien ewéi de Conservatives oder Labour vermësst.
De Farage sëtzt Owes normal am Pub. Diskutéiert mat de Leit an drénkt och mol gären een iwwert den Duscht. En ass no bei de Leit. An dat an enger Zäit, wou d’Leit, net nëmmen a Groussbritannien, mee och am Rescht vun Europa, sech ëmmer manner vu Politiker gehéiert fillen. An dat mécht hei definitiv de groussen Ënnerscheed.