Wéi Russland 2014 direkt an indirekt d'Ukrain ugegraff huet

Anti-regierungs-Demonstranten mam ukraineschen Fändel, 19. Februar 2014, Kyjiw / © Photo by Sergei SUPINSKY / AFP
Ideologie, Konzepter, Geschicht: Fir déi aktuell Situatioun an der Ukrain ze beliichten, muss ee Joren, Joerzéngten a souguer Joerhonnerten zeréckgoen.
“D'Demokratie, déi friddlech an de leschten Deeg vun der Sowjetunioun erreecht gouf, an d'Onofhängegkeet, déi am Dezember 1991 duerch d'Wal gewonne gouf, missten elo net nëmmen duerch Wierder a Protester, mee och mat Waffe verdeedegt ginn,” schreift de gebiertegen Ukrainer Serhii Plokhy a sengem Buch "The Gates of Europe."

Timeline vun den Evenementer an der Ukrain 2014 / © RTL-Grafik
Russesch & Ukrainesch Demokratiséierungsversich
Nom Zerfall vun der Sowjetunioun Ufank den 1990er Joren an der ukrainescher Onofhängegkeet, waren déi zwee Länner Russland an Ukrain zwar net méi de juro mateneen an enger Unioun verbonnen, mee ganz getrennt hu sech hir Weeër och net.
A Russland huet de Boris Jelzin, éischte President vun der neier Russescher Federatioun, d’Zil, Russland ze reforméieren an ze demokratiséieren. A senger Missioun vun der Demokratiséierung muss de Jelzin awer ëmmer rëm op autoritär Methoden zréckgräifen a léisst zum Beispill 1993 d’Parlament beschéissen. De Serhii Plokhy beschreift a sengem Buch The Russo-Ukrainian War wéi dem Jelzin seng Methoden zur Demokratiséierung ultimativ zur Autokratiséierung an dem Opstig vum Wladimir Putin an d’Hänn gespillt hunn, deen den 31. Dezember 1999 déi éischte Kéier President ginn ass.

© Photo by EPA / AFP
Zur selwechter Zäit ass och an der Ukrain een Demokratiséierungsprozess amgaangen. Am Géigesaz zu Russland huet de President an der Ukrain keng Vollmuechten an de Staatschef muss mam Parlament zesummeschaffen. Dass och déi ukrainesch Bevëlkerung aktiv d’Demokratie ënnerstëtzt, weist sech spéitstens wärend der Oranger Revolutioun 2004. Fir sech géint de Walbedruch ze wieren, ginn d’Ukrainer op d’Strooss an hunn Erfolleg. Am drëtte Walgang gewënnt de pro-westleche Juschtschenko géint säi Géigner Janukowytsch, dee vu Russland ënnerstëtzt gëtt.
Den Euromaidan: vu korrupte Politiker an doudegen Demonstranten
Zéng Joer méi spéit kënnt et rëm zu massive Protester, des Kéier ass de Janukowytsch souguer President vum Land. De Janukowytsch, dee sech a seng Famill massiv beräichert wärend senger Presidentschaft, entscheet am November 2013 ee schonns ausgehandelt Ofkommes mat der EU awer net ze ënnerschreiwen. D’Ofsoe vum Ofkommes, wat der Ukrain wirtschaftlech géing hëllefen, féiert zu Protester an der Haaptstad.
Nodeems Demonstrante vun enger Spezialunitéit vun der Police brutal ugegraff ginn, eskaléieren d’Protester ëmmer weider. Amplaz nëmme fir een EU-Ofkommes, gëtt och géint korrupt Elitten demonstréiert. Aus de Protester entwéckelt sech eng Revolutioun an d’Revolutioun gëtt bluddeg.

© Photo by Sergei SUPINSKY / AFP
Den 21. Februar (1) ass den Drock op de President Janukowytsch esou grouss, dass hien a Russland an d’Exil geet. Do virdru stierwen awer nach iwwer 100 Mënschen um Euromaidan.
De 27. Februar (2) hëlt d’Interimsregierung d’Aarbecht op. D’Leit am Süden an Oste vun der Ukrain stinn awer de Maidan-Protester an der neier Regierung kritesch géigeniwwer, deels och doduerch, dass rietsextrem Politiker an der Iwwergangsregierung sinn, déi awer bei den éischte reguläre Walen am Mee rëm ofgewielt ginn. Den 1. Mäerz (3) fanne sech an der Stad Donetsk déi éischt Leit zesumme fir een Anti-Maidan-Protest.
Krim(tataren) an déi “kleng gréng Männercher”
Een Dag no der Flucht vum Janukowytsch entscheet de Putin eegenen Aussoen no, dass d’Krim rëm zu Russland gehéiere soll. Fënnef Deeg méi spéit, de 27. Februar tauchen op der Hallefinsel maskéiert, schwéier arméiert an uniforméiert Männer op, déi dat regionaalt Krim-Parlament an der Haaptstad Simferopol occupéieren. Déi arméiert Männer droe keng Emblèmen, also Ofzeechen, déi se engem Land oder enger Unitéit zouuerdnen a ginn och nach “kleng gréng Männercher” genannt.
Déi maskéiert irregulär Truppen, déi allgemeng als onmarkéiert russesch Zaldote gewäert ginn, bereeden alles vir, fir dass och offiziell russesch Unitéite sech op der Krim ausbreede kënnen. Déi ukrainesch Arméi op der Hallefinsel wiert sech net.

Maskéiert an arméiert Männer virum Parlament op der Krim, Simferopol / © Photo by GENYA SAVILOV / AFP
De 16. Mäerz gëtt op der Krim e Referendum ofgehalen, béi deem eng Majoritéit vu 97% fir eng Integratioun an déi Russesch Federatioun stëmmt. International gëtt de Referendum net unerkannt a gëllt als manipuléiert. Dat weist sech och doduerch, dass d’Stad Sewastopol mat 123% fir d’Integratioun stëmmt. Kuerz drop gëtt och vu russescher Säit d’Annexioun offiziell bestätegt.
Argumentativ begrënnt de Kreml d’Annexioun duerch den héijen Undeel un ethnesche Russen op der Krim an dem Uschloss ouni Grond vun der Krim un d’Ukrain 1954 duerch de Chruschtschow.
Tatsächlech ass d’Krim bis 1944 vun de Krimtatare bewunnt, en turksproochegt muslimescht Vollek. Am Kontext vum Zweete Weltkrich ginn déi ronn 200.000 Krimtataren an -tatarinnen ënner Generalverdacht gestallt, well se mat der däitscher Besatzungsmuecht solle kooperéiert hunn. A Wierklechkeet hu méi krimtataresch Männer an der Rouder Arméi gekämpft, wéi dass der den Däitsche gehollef hunn. Nom Zréckdränge vun der Däitscher Arméi huet d’Sowjetunioun ënnert dem Stalin déi gesamt krimtataresch Bevëlkerung deportéiert an a Kasachstan bruecht.
Doropshi sinn ukrainesch a russesch Siidler opgefuerdert ginn, déi eidel Hallefinsel ze bewunnen. Duerch déi nei Ëmstänn verléiert d’Krim hire Status als eegestänneg Sowjetrepublik a gëtt 1945 eng Oblast vun der Russescher Sowjetrepublik. 1954 entscheet den Nikolai Chruschtschow, dass d’Krim un d’Ukrain ugeschloss gëtt, engersäits fir de wirtschaftleche Wuesstem ze fuerderen, anerersäits och, well d’Krim iwwer d’Ukrain per Land erreechbar ass.
Wéi e russeschen Ex-FSBler e Krich ufänkt
Parallel zur Annexioun vun der Krim entwéckelt sech am Oste vum Land, wou d’Leit traditionell éischter pro-russesch agestallt sinn, am spéide Wanter an Ufank Fréijoer 2014 eng Anti-Maidan-Stëmmung. Den 1. Mäerz versammele sech Leit an Donezk, fir déi éischt Demonstratioun géint den Euromaidan. Déi ukrainesch Regierung probéiert dogéint virzegoen, mee kann d’Stëmmung net berouegen. De William Jay Risch betount awer a sengem Buch "Prelude to War", dass d’Splécke vun de Leit am Donbass vu Politiker a "Muechte vu baussen" ausgeet.
Den 12. Abrëll (4) besetzen trainéiert an arméiert Unitéiten ouni Emblèmen zu Slowjansk d’Policestatioun an aner Gebaier. Och den Igor Girkin, e fréieren Offizéier vum russesche Geheimdéngscht FSB, kënnt de selwechten Dag mat ronn 50 Männer zu Slowjansk un. De Girkin, deen an Tschetschenien, Transnistrien a Bosnien gekämpft huet, gëtt zum Kommandant vun der Donetsk People Army ausgeruff, dem arméierten Aarm vun der Donezker a Luhansker Volleksrepublik, déi de 7., respektiv 27. Abrëll ausgeruff ginn. Wärend de Girkin a Slowjansk aktiv ass, ginn och auslännesch Journalisten an OSZE-Mataarbechter als Geisel geholl. No Verhandlunge ginn d’Geiselen Ufank Mee erëm fräigelooss.
Déi nei ukrainesch Regierung aktivéiert am Abrëll déi ënnerbesater a schlecht ekipéierter ukrainescher Arméi géint d’Opstänn am Osten. Dat kënnt, nodeems de Girkin mat senger Trupp a Slowjansk Gebaier besat huet an een ukraineschen Offizéier vum Sécherheetsdéngscht (SBU) erschoss gouf. Réischt no deem Tëschefall reagéiert d’Ukrain mat staatlecher Gewalt hirersäits. Ënnert der rechtlecher Fassad vun enger Anti-Terror-Operatioun (ATO) ginn d’Kämpf un.
De Girkin ass zréck a Russland duerch Interviews opgefall, wou hie selwer seet, dass hien a seng Männer am Abrëll de Krich provozéiert hunn.
Girkin & Borodai: déi russesch Männer am Hannergrond
Kuerz dono, den 11. Mee, inzenéieren d’Separatisten e Referendum fir d'Onofhängegkeet vum Donbass, bei deem eegenen Aussoen no eng Majoritéit fir eng Sezessioun stemmt. Onofhängeg Institutioune kënnen d’Resultater vum Referendum net bestätegen an d’Kyjiwer Internationaalt Institut fir Soziologie kann och keng Majoritéit fir Separatismus feststellen, mee just, dass d’Leit am Osten sech friem vis-a-vis vun der Westukrain fillen a villäicht méi autonom bannent der Ukrain agéiere wëllen.
Manner wéi eng Woch nom Referendum gëtt en anere russesche Staatsbierger, den Alexander Borodai den éischte Premierminister vun der Donezker Volleksrepublik. De Borodai, dee bis an déi russesch Elitt vernetzt ass an och e fréieren Zaldot ass, huet sech och schonns un der Krim-Annexioun bedeelegt. Obwuel déi zwee offiziell onofhängeg agéieren an net direkt engem Kommando ënnerstinn, gi vill Experten dovun aus, dass Moskau d’Duo op d'mannst akzeptéiert, wann net souguer méi oder manner direkt steiert.

Igor Girkin & Alexander Borodai op enger Pressekonferenz, 10. Juni 2014, Donetsk / © Photo by SONER KILINC / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
De Girkin gëtt dann de 26. Abrëll och zum Chef vum Militär- a Sécherheetsberäich vun der Donezker Volleksrepublik ernannt. Dëse Poste beleet hien, bis de Girkin an de Borodai am Summer 2014 vun hiren Ämter zerécktrieden. Déi zwee ginn duerch ukrainesch Separatisten ersat. Dëst kéint en Unzeeche sinn, dass Moskau déi zwou Separatisterepublicken duerch d’Besetze vun héije Poste mat ukrainesche Staatsbierger legitiméiere wëll.
“Novorossija” an d’Sezessiounsversich
Wéi am éischten Deelscho gesot, kënnt d’Konzept Novorossija 250 Joer méi spéit rëm op. De Putin bezitt sech de 17. Abrëll an enger Ried op dat geopolitescht Konzept an erhiewt en Usproch op d’Oblaste Kharkiw, Donezk, Cherson, Nikolaiev an Odessa, déi dem Putin no bis an d'1920er Joren net ukrainesch waren. An all deenen Oblaste sinn et och 2014 separatistesch Aktivitéite ginn an zu Odessa ass et den 2. Mee (5) souguer zu 48 Doudege komm béi Ausernanersetzungen tëschent pro-russeschen a pro-ukraineschen Demonstranten.
Trotz der Propaganda, déi och vum russesche Staatsfernsee ausgestraalt gëtt, ka sech keng grouss separatistesch Novorossija-Beweegung etabléieren. Déi strategesch wichteg Stad Odessa bleift an ukrainescher Hand.

Kaart vum Gouvernement Novorossija 1796 an d'Konzept haut / © RTL-Grafik
Déi zwou Volleksrepubliken Donezk a Luhansk grënnen dann och de 24. Mee d’Unioun “Novorossiya Republic.” Wéi Enn 2014 kloer war, dass d’Iddi vun enger grousser Revolt am Süde vun der Ukrain ausbleift a keng Landverbindung vu Russland zu Transnistrien kann opgebaut ginn, gëtt vum Kreml des imaginär Regioun wärend 11 Joer net méi ernimmt.
Wei eng Roll d’Konzept “Novorossija” am Kreml spillt, wéi russesch Elitten dozou stinn a wéi d’Verhältnis vun engem kulturell-geschichtleche Konzept zu militäresch-takteschen Iwwerleeungen ass, kënnt Dir am Interview mam Professer Andreas Umland (Publikatioun 21. September) noliesen.
Vu russesche Panzerbrigaden, ermuerten Zivilisten a bluddeg Kämpf
De 26. Mee (6) kann déi ukrainesch Arméi hiren éischte militäreschen Erfolleg feieren, wéi se de Flughafe vun der Stad Donetsk (an der Oblast Donezk) vu separatistesche Milize befreie kënnen. Ëmmer méi schwéiert Gerät gëtt vun der ukrainescher Arméi bei der Anti-Terror-Operatioun agesat an am Juni kënnen d’Separatisten an d’Trupp ëm de Girkin aus der Stad Slowjansk verdriwwe ginn. Bei de gewalttätegen Zesummestéiss si knapps iwwer 50 Leit op den zwou Säite gestuerwen an och Zivilisten hunn hiert Liewe verluer.
De Girkin an aner separatistesch Kommandanten zéie sech Ufank Juni an déi regional Haaptstad Donetsk zréck. Den Timothy Snyder schreift a sengem Buch "The Road to Unfreedom", dass de Girkin dann op eng perfid Strategie gesat huet: hien hëlt d'Zivilbevëlkerung als Schutzschëld, déi bewosst bei Attacke vun der ukrainescher Arméi zu Schued komme soll. Dat soll da rëm nei Leit motivéieren, sech de Separatisten unzeschléissen, fir géint d’Arméi ze kämpfen. Ëmfroen no schéngt dat och ze klappen, nei Milizionäre schléisse sech un, manner aus ideologesche Grënn, mee éischter fir sech nom Doud vu Famill oder Frënn ze rächen.
Spéitstens de 17. Juli (7) gëtt de Konflikt engem internationale Publikum bekannt, wéi de Fluch MH17 vun der Malaysian Airline vun enger Rakéit getraff gëtt an eroffält. Kee Passagéier iwwerlieft an 298 Mënsche stierwen.

Timeline vun den Evenementer am Donbass / © RTL-Grafik
Déi investigativ Journalistegrupp Bellingcat konnt duerch ëffentlech zougänglecht Foto- a Videomaterial novollzéien a beweisen, dass de sowjetesche Waffesystem Buk, mat deem de Fliger ofgeschoss ginn ass, aus Russland an d’Ukrain gefuer ass. Bellingcat konnt opdecken, dass de System enger an der russescher Oblast Kursk stationéierter russescher Loftofwierbrigad gehéiert, déi verschidde Buks kuerz virum 17. Juli an d’Ukrain verluecht huet.
No dëser Katastroph verloossen, wéi scho gesot, de Girkin a Borodai am August hir Posten a ginn duerch ukrainesch Separatisten ersat, ob et awer en direkten Zesummenhang gëtt, ass schwéier ze soen.
Enn des Mounts kënnen déi ukrainesch Truppen d’separatistesch Milizen zréckdrängen an d’Stad Luhansk kann ëmkreest a belagert ginn. Et schéngt. wéi wann d’Separatisten zerschloe ginn. Den 12. August schéckt Russland da fir déi éischte Kéier regulär Truppen an d’Ukrain. Déi kënnen dann eng Néierlag vun den zwou Volleksrepublicke verhënneren.
De Kreml huet nieft Infanterie och schwéier gepanzert Gefierer an d’Ukrain geschéckt. Ënner anerem ass zum Beispill d’Involvement vun der 6. Panzerbrigad dokumentéiert déi mam Panzermodell T72B3 operéiert hunn, e Modell, deen d’Ukrain guer net huet an deementspriechend aus Russland komme muss. Datt dës Truppen an der Ukrain aktiv waren, léisst sech zum Beispill duerch Fotoe vun zerstéierten T72B3, russesch Dokumenter, déi a Panzer fonnt gi sinn a russeschen Zaldoten, déi d’Ukrain gefaange geholl huet, beleeën.
D’Agräife vun der regulärer russescher Arméi huet dozou gefouert, dass déi ukrainesch Truppen déi strategesch wichteg Stad Ilowjask net zeréckeruewere konnten. Den ukraineschen Zaldote gëtt en humanitäre Korridor fir sech zeréckzezéien, offréiert, mee déi separatistesch Verbänn an d’russesch Truppe massakréieren déi net arméiert Ukrainer. Iwwer 350 ukrainesch Zaldote stierwen, mee och ëm déi 150 russesch Zaldote loossen hiert Liewen.

Pro-russesch Separatisten op engem Schützepanzer no der Schluecht vun Ilowjask, 4. September 2014 / © Photo by AFP
Déi brutal Néierlag vun der ukrainescher Arméi an der Schluecht em Ilowjask, déi vum 7. August bi den 2. September (9) geet, féiert dozou, dass d’Ukrain och d’Belagerung vun der Stad Luhansk (8) ofbrieche muss. Domat gëtt Kyjiw de Versuch, déi separatistesch Gebitter an noer Zäit ze erueweren op. Militäresch an politesch kënnt déi ukrainesch Regierung vum Petro Poroschenko an d'Positioun, dass se muss Verhandlungen agoen.
Haaptzil vun de Verhandlungen, déi als Minsk I bekannt sinn, ass eng Ënnerbriechung vun der Waffegewalt souwéi eng d’Verbesserung vun der humanitärer Lag. Och sollen all Geisele fräikommen an auslännesch Kämpfer d’Land verloossen.

No Minsk I
Obwuel sech all Accordsparteien zu enger Deseskalatioun verflicht hunn, bleift et net roueg am Donbass. Am Februar 2015 gëtt Minsk II ënnerschriwwen, fir duerch en weidert Ofkommes e Waffestëllstand ze garantéieren.
Bis 2022, also der Groussinvasioun vu russescher Säit, stierwen méi wéi 14.000 Mënschen am Oste vum Land.
Wéi sech gewisen huet, handelt et sech bei der Invasioun 2022 net em déi éischte Kéier, datt russesch Truppen op ukraineschem Buedem kämpfen. Op der Krim gëtt d’Militär agesat, ouni dass et zu Gewalt kënnt, mee am Donbass ass Krich a russesch Zaldoten a Panzer hunn ukrainesch Zaldoten ëmbruecht. De Putin huet 2014 probéiert, de Süden an Osten ënnert seng Kontroll ze kréien, mee just an den Oblasten Donezk a Luhansk ass him dat gegléckt.
Am September 2022 erfëllt sech de Wonsch vun den zwou separatistesche Volleksrepublicken a se ginn, zesumme mat den eruewerten Gebitter an den Oblasten Cherson an Saporischschja, annektéiert. International gëtt dës Entwécklung awer net unerkannt.