70.000 Leit bei Gedenkfeier fir ermuerten Charlie Kirk erwaart

© AFP/Archiv/Joseph Prezioso
Am US-Bundesstaat Arizona ass e Sonndeg d'Gedenkfeier fir de rietsen Aktivist an Trump-Ënnerstëtzer Charlie Kirk, dee virun 10 Deeg erschoss gouf.
Dat wärend engem Virtrag um Campus vun enger Universitéit a Utah. De presuméierten Täter vun 22 Joer riskéiert d’Doudesstrof. D’Gedenkfeier ass an engem Stadion zu Glendale am Bundesstaat Arizona an et gi sech iwwer 70.000 Leit erwaart. Mat dobäi sinn och den US-President Trump a säi Vize, den J.D. Vance. De Sécherheetsdispositif ass deemno immens héich.
Den 31 Joer ale Kirk huet mat senger Organisatioun Turning Point USA virun allem Jonker a Studente fir dem Trump seng riets Vuë wollten iwwerzeegen an hat Milliounen Unhänger. Dem ëmstriddene Kirk sinn ëmmer nees rassistesch, homophob a sexistesch Aussoe reprochéiert ginn. Hie war eent vun de bekanntste Gesiichter vum Trump senger Make-America-Great-Again-Beweegung.