Akut Hongersnout an Angola: Den Impakt vun der Dréchent op Millioune Leit

© Photo by DOGUKAN KESKINKILIC / ANADOLU AGENCY / Anadolu via AFP
An dëser Serie konzentréiere mir eis geziilt op e Krich, e Konflikt oder e Problemer op der Welt, deen dacks ze wéineg international Opmierksamkeet kritt.
Eng wichteg Aufgab vun de Medien ass et, d'Mënschen doriwwer z'informéieren, wat op der Welt Wichteges passéiert, och wann se selwer net op der Plaz sinn, fir et mat hiren eegenen An ze gesinn. Dobäi geroden allerdéngs verschidde Konflikter méi an de Vierdergrond wéi anerer, sou dass d'Impressioun opkënnt, dass verschidde Konflikter a Problemer déi et op eisem Planéiert ginn, méi wichteg wieren, wéi anerer.
Sou sinn, virun allem an de westleche Länner, beispillsweis de Krich an der Ukrain oder de Konflikt an der Gazasträif ganz staark representéiert, den 30 Joer ale Krich a Somalia oder d'Hongersnout a Länner wéi Haiti oder Sudan éischter wéineg bis quasi ni. Mir konzentréieren eis dohier an dëser Serie ausféierlech op déi Konflikter, déi international net genuch Opmierksamkeet kréien, obwuel se et méi wéi verdéngt hätten a ginn och deels drop an, wisou dës Konflikter tendéieren, wéi "Stéifkanner" behandelt ginn.
Angola, dat am Südweste vun Afrika läit, kämpft mat enger Dréchent, déi d’Liewensgrondlage vun honnertdausende Famillje zerstéiert, mat akutem Manktem u Waasser, Hongersnout, Landverloscht an enger staatlecher Struktur, déi net wierklech op dës Kris reagéiere kann. Trotz der dëser negativer Dramatik, mat schlëmmen humanitäre Suitten, gëtt wéineg bis guer net an den internationale Medien doriwwer geschwat.
Eng Dréchent, déi zënter Joren unhält
Zënter iwwer 3 Joer elo schonn huet d'Land un der westlech-zentraler afrikanescher Küst mat der wuel schlëmmster Dréchent zënter ronn 40 Joer ze kämpfen. Ganz besonnesch dramatesch ass d'Situatioun am Süde vum Land, also Provënze wéi Cunene, Huila, Namibe oder Bié. Jee no Quellen geet een vun tëscht 2,2 an 3,8 Millioune Mënschen aus, déi humanitär Hëllef brauchen. Wéi ëmmer sinn am uergsten d'Kanner heivu betraff, honnertdausende leiden ënner akuter Mangelernierung. D’World Vision huet an hirem Welternärungsprogramm festgestallt, dass 80 % vun de Kanner an der Regioun net genuch z'iessen hunn. Vill mussen therapeutescht Iessen kréien, fir iwwerhaapt z'iwwerliewen.
De Reen, dee fir d'Landwirtschaft sou batter néideg ass, bleift zënter Joren op grouss Strecken aus. D'Recolte ginn net mol am Usaz duer, fir d'Bevëlkerung am Land z'ernieren, dobäi kënnt dass och generell d' Waasser-Ressource knapp ginn. Vill Famillen mussen deelweis iwwert Stonnen zu Fouss trëppelen, fir drénkbaart Waasser ze fannen, eng Situatioun, déi bal net méi dramatesch ass a wuertwiertlech d'Liewe vun dëse Leit Dag fir Dag op d'Spill setzt.
De Klimawandel als Haaptausléiser vun der Kris
Experte ginn dovunner aus, dass d'Klimakris net just e Facteur vu villen ass, fir dës prekär Lag an Angola, ma et wier souguer den zentralen Ausléiser vun der Kris. Dem Intergovernmental Panel on Climate Change, kuerz IPCC no, ass de südlechen Deel vum afrikanesche Kontinent eng vun deene Regiounen op der Welt, déi am stäerkste vu längeren Dréche-Periode betraff ass.
D'Konsequenze leien op der Hand: D'Onsécherheet wat d'Beschafe vu Liewensmëttel betrëff, gëtt ëmmer méi grouss, et verschwannen ëmmer méi Liewensgrondlage fir d'Populatioun an Angola an ëmmer méi Leit mussen hir Heemescht verloossen an enzwousch anescht flüchten, fir z'iwwerliewen.

De Bierg-Pass "Serra de Leba" an der Provënz Namibe. / © Photo by MICHAEL RUNKEL / Robert Harding RF / robertharding via AFP
Verloscht vu Land a sozial Ongerechtegkeet
Ronn 400 Joer stoung Angola ënnert portugisescher Kolonial-Herrschaft. Eréischt 1975 ass d'Land onofhängeg ginn a war dunn op sech gestallt. Dëst huet relativ séier zu engem Biergerkrich gefouert, deen d'Land zu groussen Deeler zerstéiert huet. Eréischt 27 Joer dono, also am Joer 2002 koum de Krich am Land op en Enn, ma d'Mënsche leide bis haut ënnert de Suitten: massiv Aarmut, déi sech op grouss Deeler vum Land verdeelt, grouss sozial Ongläichheeten an ze wéineg elementar Infrastruktur.
Zënter dem Enn vum Biergerkrich huet d’Regierung dann och ugefaange grouss Flächen u kommerziell Véi-Besëtzer a Firmen ze verdeelen. Domadder klammen dann och d'Liewenskäschte fir d'Leit an dëse Regioune massiv. Zënter Méint ginn d'Leit dowéinst och massiv op d'Stroossen, deels mat Ausbréch vu Gewalt. Dës Fläche goufe virdrun an sech vu traditionelle Gemeinschaften als Weeden genotzt a sinn an sech vu grousser Bedeitung fir dës heemesch Baueren.
Zesummebroch vu kulturellem Zesummenhalt duerch d'Verdreiwe vu Communautéiten
Dëse Verlaf huet sougenannte pastoralistesch Vëlker wéi d'Herero, d'Ambo, d'Nyaneka-Nkumbi, d'Kuvale an d'Zemba aus hirem Liewensraum verdrängt, wat d’Kris nach verschäerft huet. Beim Pastoralismus handelt et sech ëm eng Form vu Landwirtschaft, bei där Baueren Véi op oppene Weede gehale gëtt, déi soss net géife bewirtschaft ginn. Dës Form vu Landwirtschaft fält a ville Länner, wéi och an Angola, massiv wirtschaftlech an d'Gewiicht an ass deels elementar wichteg fir eng Regioun.
Ma dëse Verloscht u Weeden a soss Landfläche u Privat Entreprisen verschäerft net nëmmen d'Fro vun der Ernierungssécherheet bei de Leit, ma schwächt och nach ganz niewebäi massiv de kulturellen Zesummenhalt an traditionellt Wësse geet deels verluer. Déi verdriwwe Communautéiten, déi soss vun a mat der Landwirtschaft gelieft hunn, hunn ouni staatlech Hëllefen massiv Problemer, sech un déi nei Liewensëmstänn unzepassen. Ouni Land hunn dës Leit keng Zukunft, well d'Akommes einfach feelt. E Beispill: 67 % vun de Weeden am sougenannte Gambos-Distrikt, 8150 km² mat ronn 50.000 Awunner, si mëttlerweil a privater Hand.

Demo an der Stad Luanda am Summer 2023.
Fazit
Dës Kombinatioun, also Honger, Manktem u Waasser an de Verloscht vu Landflächen huet an der Konsequenz dozou gefouert, dass dausende Leit am Süde vum Land geflücht sinn, dat zu engem grousse Prozentsaz an Namibia. Verschidden NGOen, beispillsweis Amnesty International, schwätzen an dësem Fall ganz kloer vu "Klimaflüchtlingen", déi eben, sou schlëmm et och ass, aus Verzweiwlung hier Heemescht carrement musse verloossen. Hei geet et méi wéi däitlech ëm dat réngt Iwwerliewen. An hei huet een et wéi gesot, mat dëser neier Form vu Flüchtlingen ze dinn, déi net wéinst arméierte Konflikter oder Kricher, mä wéinst Naturkatastrophen a struktureller Ongerechtegkeet flüchten.
Eng Léisung, ëm déi ee praktesch net kënnt, wann een dës Leit net hirem Schicksal wëll iwwerloossen, ass méi international Hëllef fir déi Regiounen, an deenen d'Lag am prekäersten ass. Iessen, Waasser a medezinesch Versuergung muss méi séier, méi geziilt an a méi héije Quantitéiten un d'Bevëlkerung ukommen. Hei si virun allem konkret Piste wéi d'Baue vu Waasserverdeelungssystemer, d'Uschafe vu Mobile Spideeler an déi méi séier Liwwerung vun therapeuteschem Iesse fir d'Kanner an Angola ze nennen. Ma och de Respekt virun den traditionelle Communautéiten am Land, déi eng wichteg kulturell, awer och ekonomesch Valeur fir Angola hunn, muss nees gestäerkt ginn. Och eng spéider Klimafinanzéierung fir déi betraffe Regiounen ass fir d'Zukunft vun der Bevëlkerung an Angola wuel essentiell.
E klengen awer wichtege Schratt an déi richteg Richtung ass de sougenannte "Cafu-Kanal". Heibäi handelt et sech ëm ee vu fënnef Projeten, deen am Mäerz 2025 vun der Regierung presentéiert gouf. Dëse System soll ronn 160 Kilometer laang ginn, 235.000 Leit mat Waasser versuergen a ronn 5.000 Hektar Land kënne bewässeren.
Weider Informatioune fannt dir och an eisem Artikel Care: Correspondants Humanitaires iwwer Angola.