Well d'Tensiounen tëschent béide Länner klammen, huet Venezuela an der Haaptstad Caracas, ma och an anere Stied Militärtraininge fir Zivilisten ofgehalen.

An der Haaptstad Caracas gouf e Samschdeg eng Strooss vun der Arméi ofgespaart, déi Gruppe vu jeeweils 30 Volontairen den Ëmgang mat Waffen, ma och d'Droe vu Masken oder Éischt Hëllef bäibruecht hunn. Och "ideologescht Denke" war Deel vun den Übungen. Weider militäresch Kuere gouf et an de Stied San Cristóbal a Barinas.

D'US-Regierung reprochéiert dem venezuelanesche Staatschef Nicolás Maduro, Chef vun engem Drogekartell ze sinn an Drogen an den USA an Ëmlaf ze bréngen. Den US-President Trump hat dowéinst och leschte Mount Krichsschëffer an international Gewässer virun der venezuelanescher Küst a Positioun bruecht. E Freideg sollen d'USA iwwerdeems e presuméiert Drogeboot ugegraff an dobäi "dräi Narkoterroristen" ëmbruecht hunn, sou den Trump. De venezuelanesche President Maduro hat den Donald Trump "déi gréisste Menace" fir Latäinamerika zanter honnert Joer genannt a mat enger Militärübung vun dräi Deeg op der karibescher Insel La Orchila geäntwert.