Ideologie, Konzepter, Geschicht: Fir déi aktuell Situatioun an der Ukrain ze beliichten, muss ee Joren, Joerzéngten a souguer Joerhonnerten zeréckgoen.

Ass "Novorossija" zréck? Dat kéint ee mengen no enger Pressekonferenz vun der russescher Arméi den 30. August 2025.

An den éischten zwee Deeler vun eiser Serie zum Ufank vum Ukrain-Krich, taucht d'Wuert respektiv d'Konzept “Novorossija” ëmmer rëm op. Am éischten Deel ass den historeschen Hannergrond vun “Novorossija” beliicht ginn. Am zweeten Deel zum Ukrain-Krich 2014 gëtt beschriwwen, wéi an deem Joer dat aalt Konzept rëm opkënnt an als Legitimatioun fir d’Sezessioun vum Süden an Osten vun der Ukrain instrumentaliséiert gëtt.

Den 30. August verëffentlecht de russesche Verdeedegungsministère e Video vun enger Pressekonferenz an där eng Kaart ze gesinn ass op där d’Ukrain gedeelt ass. De Chef vum État-majeur vun der russescher Arméi Waleri Gerassimow huet sech an enger Pressekonferenz zum Fortschrëtt an de Resultater vun der russescher Summeroffensiv geäussert. Opfälleg ass do d’Kaart déi am Hannergrond un der Mauer hänkt. 
Op dëser zitt sech eng Grenz duerch d’Ukrain an Kyjiw ass vum Schwaarze Mier ofgeschnidden. Et erënnert staark un d’Grenzen a Gebitter, no deenen “Novorossija” vum Kreml verstane gëtt.

Den Dokter Andreas Umland, Analyst um Stockholmer Zenter fir Ostereuropastudien vum Schweedeschen Institut fir International Affären, erkläert, wéi hien d’Kaart an versteet.

Dr Umland iwwer Gerassimow Kaart

Och wann den Dokter Umland beim Militär Gerassimow en taktesch-strategescht Denke gesäit, spillt dat kulturellt-geschichtlecht Konzept “Novorossija” an der russescher Aussepolitik an am Donbass 2014 awer eng Roll.

Mee fir dat komplizéiert Konzept, dat iwwert d’Zäit verschidde Bedeitungen huet, ze verstoen, hu mer mam Dokter och iwwert de geschichtlechen Ursprong geschwat.

Den Dokter Umland erkläert als éischt, dass d’Konzept “Novorossija” relativ jonk ass an mat der Südextensioun vun der Zarin Katharina II. (1729-1796) verbonnen ass. Ënnert dem Katharina ass dat russescht Räich an de Süden vun der haiteger Ukrain agedrongen an huet déi do liewend Kosacken an Krimtatare verdriwwen oder russifizéiert. An der russesch-nationalistescher Geschichtsschreiwung daucht de Begrëff ëmmer rëm op. Virun allem 2014 an 2022 spillt den Begrëff rëm eng Roll fir d’Annexioun vun der Krim an d’Annexioun vun de véier Regiounen Cherson, Saporischschja, Donezk an Luhansk am September 2022. “Novorossija” bleift awer och en schwammege Begrëff, bei deem verschidde Leit verschidde Regiounen dobäi zielen.

Dr Umland iwwert de geschichtlechen Hannergrond vun Novorossija

Elo gëtt sech ënner anerem op dee Begrëff bezunn, fir eng Annexioun ze rechtfäerdegen, well et eng Keier zum Zareräich gehéiert huet. Fir déi russesch Elitt ass et wichteg, dass een “Novorossija” erëm ënner Kontroll kritt, well d’Zarin Katharina dës Regiounen eruewert huet an déi no der Sowjetzäit rëm verluer gaange sinn. An der russescher Bevëlkerung ass d’Konzept “Neirussland” allerdéngs net esou wichteg, do geet ëm déi ganz Ukrain, déi erëm zu Russland gehéieren soll.

Dr Umland iwwer déi russesch Eliten an den "Hauptpreis" Kijiw

Wann ee sech awer d’Front am Ukrain-Krich ukuckt, gesäit een, dass se sech haut duerch d’Gebitter, déi vum Kreml als “Novorosija” bezeechent ginn, zitt. Allerdéngs awer och, well déi grouss ugeluechten Offensiv op Kyjiw gescheitert ass.

RTL

Kaart vun der Ukrain mat "Novorossija" an der Front vum Abrëll 2025 / © RTL-Grafik

Russesch Staatsideologie “Russki Mir” 

D’Konzept spillt da wéi gesot virum Krich ëmmer rëm eng Roll an nationalisteschen intellektuellen Kreesser, bis “Novorossija” am Joer 2014 rëm eng méi grouss Bedeitung kritt, wéi versicht ginn ass an den entspriechenden Oblasten eng separatistesch Beweegung ze mobiliséieren. Gelongen ass dat awer dunn just, deels och duerch russesch Infiltratioun am Donbass.

Den Dokter Umland betount awer och erëm, dass déi meescht russesch Pannationalisten, déi Russland als méi grouss gesinn, wéi just d’Russesch Federatioun, de russeschen Usproch net nëmmen op de Südoste vun der Ukrain limitéieren, mee och Zentralukrain mat Kyjiw rëm annexéiere wëllen. An deem Kontext huet “Novorossija” dann eng situativ Bedeitung fir d’Annexioun vun den elo annektéierte Gebitter. An der offizieller russescher Staatsideologie vum Putin spillt et awer eng kleng Roll. D’Staatsideologie “Russki Mir” (“russesch Welt”) ass do vill méi wichteg.

Dr Umland iwwer "Russki Mir"

Ënnert de Ideologien “Russki Mir” versteet een dann d’Iddie, dass alles wat als “Russesch” verstane gëtt zesummegehéiert. Dorënner falen d’Ukrain, Belarus Deeler vun Kasachstan an och den Baltikum gëtt ëmmer erëm dobäi gezielt.

RTL

Putin virun senger Ried zu der Lag op der Krim, 18.03.2014 / © Photo by SERGEI ILNITSKY / AFP POOL / AFP

D’Bedeitung vun “Novorossija” fir d’Donezker a Luhansker Volleksrepubliken

Fir déi zwou separatistesch Volleksrepublicke ass a war virun allem de Begrëff “Novorossija” wichteg, wéinst dem “Rossija”-Deel, also dem “Russland”-Deel. D’Käpp hannert de Bestriewunge vun der  Sezessioun wëllen nämlech net eng oftrünneg Republik ginn, wéi Transnistrien a Moldawien oder Südossetien an de Kaukasus Bierger, mä zu Russland gehéieren. Et ass awer och wichteg ze betounen, dass eng Minoritéit an den separatistesche Gebitter wierklech fir eng Ofspléckung vun der Ukrain war.

Dr Umland iwwer "Novorossija" an Vollecksrepublicken

D’Iddi an dat historescht Konzept vun “Novorossija” funktionéiert also als eng Aart russesch Legitimatioun fir déi südëstlech Gebitter vun der Ukrain ze annektéieren. Och an de Regioune selwer schéngt et 2014 eng limitéiert Ënnerstëtzung fir dës Iddi ze ginn, mee wéi den Dokter Umland betount, nach laang keng Majoritéit.

Trotzdeem beschäftegt d’Iddi “Novorossija” an déi dozou gehéierend Gebitter och haut nach déi russesch Ukrainpolitik, och wann et villäicht nëmmen aus strategesch-militäresche Grënn ass wéi beim Gerassimow.