An dëser Serie konzentréiere mir eis geziilt op e Krich, e Konflikt oder e Problem op der Welt, deen dacks ze wéineg international Opmierksamkeet kritt.

Eng wichteg Aufgab vun de Medien ass et, d'Mënschen doriwwer z'informéieren, wat op der Welt Wichteges passéiert, och wa se selwer net op der Plaz sinn, fir et mat hiren eegenen Aen ze gesinn. Dobäi geroden allerdéngs verschidde Konflikter a Problemer méi an de Vierdergrond wéi anerer, sou dass d'Impressioun opkënnt, dass verschidde Konflikter a Problemer, déi et op eisem Planéiert ginn, méi wichteg wieren, wéi anerer. 

Sou si virun allem an de westleche Länner, beispillsweis de Krich an der Ukrain oder de Konflikt an der Gazasträif ganz staark representéiert, den 30 Joer ale Krich a Somalia, d'Insektestierwen op eisem Planéit oder d'Hongersnout a Länner wéi Haiti oder Sudan éischter wéineg bis quasi ni. Mir konzentréieren eis dohier an dëser Serie ausféierlech op déi Problemfelder a Konflikter, déi international net genuch Opmierksamkeet kréien, obwuel se et méi wéi verdéngt hätten a ginn och deels drop an, wisou dës Konflikter tendéieren, wéi "Stéifkanner" behandelt ginn.

Dass d'Insekten essentiel wichteg fir eise Planéit an domadder och fir eis Mënsche sinn, dierft bekannt sinn an dach tendéieren d'Leit et ze vergiessen. Ouni Insekte kéinte mir Mënschen an och déi meeschte Liewewiesen um Land net ganz laang iwwerliewen. Als éischt emol bestëbsen Insekten eis Planzen, fir dass mir spéider Liewensmëttel wéi Uebst, Geméis oder Kraider op den Dësch kréien.

Ma net nëmmen dat, si zersetzen organescht Material, halen d’Natur propper a versuergen aner Déiere mat Nahrung. Ouni Insekte géif eisen Ökosystem einfach komplett kollabéieren, den Impakt op d’Landwirtschaft, eis Gesondheet an d’Ëmwelt kéint ee sech bal net ausmolen. Ouni Insekte géif et keng Bestëbsung ginn, et géife manner Liewensmëttel erageholl ginn an der Landwirtschaft an den Honger wiisst weltwäit.

Ouni Insekte géif et keng Zersetzung ginn, et géif also méi organeschen Offall leie bleiwen an domadder klëmmt de Risk vu Krankheeten. Zäitgläich dierf een och net vergiessen, dass praktesch all eis Vullen, Fësch, Fliedermais an och méi kleng Mamendéiere sech zu groussen Deeler vun Insekten ernären. Manner Insekten heescht also och de Kollaps vun der "Narungsketten".

RTL

© Photo by WOLFRAM STEINBERG / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Insekten, déi fir vill Leit banal oder souguer eekleg an nerveg kënne sinn, sinn a Wierklechkeet e wichtege Player op eisem Planéit an een Haaptgrond, wisou d'Liewen op der Äerd iwwerhaapt méiglech ass an an engem biologeschen Equiliber ass. Wann genee dës "Big Players" ufänken deels auszestierwen, kann een hei wuel ouni Zweiwel vun engem biologeschen Alarmsignal schwätzen. Am schlëmmste Fall hätt dëst souwuel en ökologeschen, awer och e wirtschaftlechen, gesondheetlechen a sozialen Impakt op eis.

Et ass, niewent dem Klimawandel, eng vun de gréisste Krisen, déi d'Natur an domadder d'Mënschen aktuell beschäftegen, ouni dass dës Kris, fir den Ament, bei der Majoritéit vun de Leit grouss opfält. Hei ass net sou, dass de Problem wäit ewech vun eis ass an dowéinst op net vill Echo an de Medien an de Leit stéisst, ma de Problem ass no bei eis a weist sech wuertwiertlech virun eiser Hausdier an eise Gäert a Wisen. Déi Kéier ass et sou, dass mir d'Konsequenze vun dëser Kris nach net spieren an dohier, wéi och de Klimawandel, fir eis net als eminent Gefor opgeholl gëtt.

40% vun den Insektenaarten op der Welt sinn akut vum Ausstierwe menacéiert

Studien aus Däitschland, dorënner d'"Krefelder Studie" aus dem Joer 2017, déi an der Fachzäitschrëft PLOS ONE vum Biolog C. Hallmann an dem Entomologesche Veräin Krefeld publizéiert gouf, weisen, dass d’Biomass vun Insekten, déi fléie kënnen an de leschten 30 Joer ëm bis zu 75% zréckgaangen ass.

Eng Meta-Analys vu méi wéi 160 Etüde kënnt da weider zu der Konklusioun, dass ronn 40% vun allen Insektenaarte weltwäit akut vum Ausstierwe bedreet sinn. All Joer verschwanne ronn 2,5% vun der Insektepopulatioun, en Tempo, deen zu engem Kollaps vun eisem globalen Ekosystem féiere kéint, wann näischt geschitt.

Dës Meta-Analyse gouf vum Roel van Klink an engem Fuerscherteam vum "Deutschen Zentrum für integrative Biodiversitätsforschung" (iDiv) gemaach. Si gouf den 22. Abrëll 2020 publizéiert an huet 166 Langzeitstudien analyséiert, déi 1.700 Standuerter an 41 Länner ëmfaasst hunn.

Wéi eng Aarte si besonnesch betraff a wéi een Impakt hunn dës Insekten?

D’Beien, besonnesch d'Wëllbeien ass eng vun de bekanntsten Insekten-Aarten, déi massiv ënner Drock steet an hir Populatioun staark zeréckgaangen ass. Si bestëbsen net nëmmen Blummen, mee och eis Uebstbeem an de Bongerten an eist Geméis a Kreider an de Gäert, also e groussen Deel vun deem, wat mir iessen a wat iwwregens och aner Liewewiesen friessen.

Och Päiperleken, déi als en Indicateur fir e gesonden Ökosystem gëllen a wichteg fir d'Bestëbse vu Planzen a Blumme sinn, verschwannen aus ville Regiounen.  Ma och d'Zuel u Käferen, déi orgaanescht Material zersetzen, Libellen, déi Moustique-Populatiounen reguléieren, an Ameisen, déi de Buedem belëften ginn zeréck. All dës Aarte vun Insekten sinn awer e kruzialen Deel vun engem sensibel ofgestëmmte System, deen am Moment ëmmer méi aus dem Gläichgewiicht geréit.

RTL

© Photo by SILAS STEIN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Firwat verschwannen d’Insekten?

D’Grënn si komplex, mee si sinn, do si sech d'Experte weltwäit eens, mënschegemaacht. D’Landwirtschaft huet sech an de leschte Joerzéngten industrialiséiert an domadder staark a séier verännert a morderniséiert; dat net wierklech ëmmer am Sënn vun der Natur: Monokulturen, Pestiziden, Iwwerdüngung... all dat zerstéiert leider d’Liewensraim vun eisen Insekten.

D’Urbaniséierung, als weidere Grond, féiert zu Versigelung vu Flächen fir Stroossen, Wunnengen, Shoppingzenteren, Parkplazen, do wou ebe virdru Wisen a Beem waren an d'Insekten gelieft a sech verbreet hunn.

D'Liichtverschmotzung e weidere Facteur, stéiert d’Navigatioun vun Insekten déi Nuetsaktiv, d'Klimaverännerungen duerch de Klimawandel, veränneren d’Zyklen an d’Verbreedung vun Aarten.

Trend ass och zu Lëtzebuerg ze gesinn

De Monitoring vun Insekte-Populatiounen an den Naturparken weist réckleefeg Zuelen, besonnesch bei, wéi schonn ufanks beschriwwen, de wëlle Beien a bei de Päiperleken.

Déi viregt Regierung huet mam „Plan Pollinisateurs“ reagéiert – en nationale Plang, deen op d'Erhale vu Liewensraim an engem Mix aus Sensibiliséierung, Monitoring an der Zesummenaarbecht mat Gemengen a Bauere setzt.

Naturparken wéi Uewersauer, Our a Mëllerdall hu Pilotprojeten lancéiert, fir Blumme- a Bléi-Flächen unzeleeën, Hecke verstäerkt ze schützen an d'Liichtverschmotzung sou wäit wéi méiglech ze reduzéieren. D’Zil ass et, Insekte-frëndlech Landschaften ze schafen, déi och en fin de compte fir de Mënsch méi liewenswäert sinn.

Fazit

Et ass net ze spéit eppes z'ënnerhuelen, och do sinn d'Experte sech eens, mee d’Zäit leeft. Léisungen, déi och mir selwer individuell maache kënnen, befanne sech an eise Gäert virun der Hausdier. Lokal Blummen, déi vill bléien, Verzicht op Pestiziden a "wëll Flächen", déi manner geschnidde ginn, sinn simpel Punkten, déi awer eng grouss Wierkung kënnen hunn. Wa mir wëllen, dass d’Natur weider sou  funktionéiert wéi mir et gewinnt sinn, musse mir, sou de breede Konsens an der Wëssenschaft, besser mat hier ëmgoen, séier handelen a geziilt schützen.