Mat u Bord vun der "Global Sumund Flotilla" waren uganks zwou Persounen aus Lëtzebuerg. D’Flott gëtt awer ëmmer méi kleng.

D'"Global Sumund Flotilla" ass den Ament am Mëttelmier ënnerwee. Méi genee leien déi meescht Booter viru Kreta. Eigentlech sollt d’Flott e Freideg a Richtung Gaza opbriechen, ma wéinst engem Defekt un engem vun den Haapt-Booter, gouf den Depart no hanne verluecht. D’Zil vun de Booter ass et, trotz der Séi-Blockad Hëllefsgidder, wéi Iesswueren, Waasser a Medikamenter an d’Gazasträif ze bréngen.

Nëmme nach ee Lëtzebuerger bei grousser Hëllefsflott a Richtung Gaza dobäi / Diana Hoffmann

Dëst ass schonn de véierten Essai zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif. D’Zivilbevëlkerung géing sech engagéieren, well d’Regierungen einfach net aktiv géinge ginn, huet de Patrick Bosch, Spriecher vun der Lëtzebuerger Delegatioun ënnerstrach. Mat ugangs 80 Booter, ass et bei Wäitem déi gréisste Flott, déi sech op de Wee a Richtung Gazasträif wëll maachen. Leider wieren et awer ëmmer manner Booter ginn. "Verschidde Schëffer haten technesch Problemer an hu musse leider vum Projet ofgesinn. Haut ziele mer ongeféier 50 Booter, déi ronderëm Kreta leien. Se wäerte sech geschwënn op de Wee maachen. Et sinn ongeféier 500 Leit op de Schëffer", sou de Patrick Bosch.
 
Ee vun dëse 500 Leit war den Abdessaman Taqui aus Lëtzebuerg. Den 30. August ass hien op Tunis geflunn. Do krut hien ënner anerem Formatioune fir Deseskalatiounstraining. Ma d’Boot, op deem hie war, hat bei Sizilien en Tëschefall. De  Mast vum Boot wier bal op hie gefall. "D’Societéit déi komm ass, fir de Mast ze reparéieren, huet eis gesot, dass dee bestëmmte Kabel onméiglech kéint vum selwe futti goen. An dofir gëtt et d’Méiglechkeet vun enger Sabotage. Mee et kann een net 100 Prozent soen, well mir mussen Analyse vun Experten ofwaarden", ënnersträicht den Abdessaman Taqui. De Patrick Bosch geet dovunner aus, dass déi israeelesch Autoritéite Leit aschleisen, fir d'Booter ze sabotéieren. Deels wier festgestallt ginn, dass Schied mat Saier erbäigefouert goufen. Oder et wiere Kabel duerchgeschnidde ginn. Doriwwer eraus goufen et Berichter iwwer Virfäll mat Dronen a Stéierunge vun der Kommunikatioun.
 
Den Abdessaman Taqui ass antëscht nees Doheem, well d’Boot, op deem hie war, net ka mat Zäite gefléckt ginn, fir bei der Aktioun dobäi ze sinn. Eng weider Kolleegin aus Lëtzebuerg konnt mat u Bord goen, well si krank gi war. Antëscht ass just nach eng Persoun aus Lëtzebuerg bei der Aktioun dobäi.
 
D’Aktiviste wënschen, dass déi israeelesch Autoritéiten d’Schëffer passéiere loossen, fir dass Hëllef bei der Bevëlkerung an der Gazasträif ukënnt. Vun den europäeschen Autoritéiten hätt ee gär militäresche Support, falls et zu eventuellen Aggressioune géint d’Aktiviste kënnt. Verschidde Staaten ënnerstëtzen d’Flott, anerer kritiséiere se oder warne virun enger Eskalatioun.
 
Wann alles klappt, wéi d’Organisateuren et virgesinn hunn, sollen d’Booter an den nächsten 3 bis 5 Deeg an der Gazasträif ukommen. Hei kënnt Dir de Progrès vun de verschiddene Booter suivéieren.