Belschen Atomreakter Tihange 1 ofgeschalt

© John Thys / AFP
No 50 Joer um Netz ass fir den eelste belschen Atomreakter vun Tihange 1 zanter en Dënschdeg den Owend Schluss.
De Reakter gouf ofgeschalt an an den nächsten 3 Joer wäert e gebotzt ginn, ier 2028 ugefaange gëtt mam Ofbau.
Als eenzege Reakter vum Site no bei Léck bleift elo nach Tihange 3 um Netz an zwar nach 10 Joer laang.
Et ass ee vun alles an allem dräi belschen Atomreakteren, déi nach schaffen, nieft deenen zwee zu Doel, no bei Antwerpen. Enn November wäert awer och do ee Weideren ofgeschalt ginn. D’Zukunft vun der Atomenergie ass bei eisen Noperen awer nach ongewëss. Virun 22 Joer war u sech decidéiert ginn, ganz erauszeklammen. Déi aktuell 5er-Koalitioun ënnert dem Premier Baart de Wever hat dat am Mee dëst Joer awer réckgängeg gemaach a wëll nei Reaktere bauen. Bis ewell ass am politeschen Hin-an-Hier zu Bréissel awer nach näischt driwwer gewosst.