Wéinst enger potentieller Menace hat d'Police e Mëttwoch um 9.30 Auer ee Fliger, deen op Berlin sollt fléien, dorunner gehënnert, fir ze starten.

De Fluchhafen Brussels Airport krut ee Message vun der Police, datt ee Sprengsaz kéint u Bord vum Airbus A220 vu Brussels Airlines sinn. De Fliger gouf duerchsicht. D'Passagéier goufe schonn evakuéiert. 3 Volle wiere wéinst dem Incident deviéiert ginn, eng Pist war een Ament blockéiert. 3 Stonnen drop gouf et Entwarnung.