"Europa ass an engem hybride Krich"

Mette Frederiksen, Ursula von der Leyen, Donald Tusk an Emmanuel Macron (v.l.n.r) / © AFP
Dat sot déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen e Mëttwoch de Moie virum informellen EU-Sommet zu Kopenhagen.
De franséische President Macron schwätzt vun enger Konfrontatioun mat Russland. Wéinst de rezente Provokatioune vu Russland, sief dat mat Dronen, Kampffligeren oder och am Cyber-Beräich, diskutéieren déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen e Mëttwoch zu Kopenhagen iwwer d'Zukunft vun der europäescher Verdeedegung. Donieft geet et och ëm d’Fro, wéi Europa d’Ukrain weider ënnerstëtze kann.
D'EU soll eng Anti-Drone-Mauer kréien, déi Fluch-Objete séier detektéieren an am Noutfall och interceptéiere kann. Dat ass op d'mannst d'Propos vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Däitschland a Frankräich gesinn dës Propos méi skeptesch. Et misst een u méi realistesche Projete schaffen, esou de franséische President Emmanuel Macron:
"En réalité, il nous faut avoir des systèmes d'alertes préavancés pour mieux anticiper la menace. S'ils existent techniquement, il faut les développer en commun. Il faut se dissuader avec des capacités de tir de longue portée, des capacités balistiques européennes. Il faut que nous ayons plus de systèmes de défense sol-air et de défense antidrones, donc qu 'il y a à la fois de l 'innovation, mais il y a aussi de la capacité de production européenne."
Et dierft wuel keng Iwwerraschung sinn, datt déi Ost-europäesch Länner fir esou eng Drone-Mauer sinn. Donieft geet et e Mëttwoch och ëm weider Ënnerstëtzunge fir d'Ukrain. Konkret steet d'Iddi am Raum, fir déi agefruere russesch Verméige vun 200 Milliarden Euro a Form vu Prêten un d'Ukrain ze ginn. Och hei ginn et skeptesch Stëmmen, dozou gehéieren och d’Belsch a Lëtzebuerg. Europa misst weiderhin als ee fiabelen Investitiounsstanduert gesi ginn. Dofir stelle sech bei dëser Iddi och vill juristesch Froen, esou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden:
"Ich glaube, das ist eine schwierige juristische Frage. Man kann nicht einfach Vermögen, was einem anderen Staat gehört, einfach so übernehmen. Jetzt gibt es andere Vorschläge, die werfen auch eine ganze Reie von Fragen auf. Und dazu möchte ich zuerst Antworten haben. Unter anderem, wie würde so ein Darlehen zurück bezahlt werden? Was geschieht, wenn Russland in einem Friedensvertrag diese Reparationen nicht zurückbezahlt?"
Zu dësem Sujet huet och déi Gréng Deputéiert Sam Tanson e Mëttwoch eng Question parlementaire urgente un de Premier an den Ausseminister gestallt. Konkret gëtt gefrot, wéi eng Positioun Lëtzebuerg dann elo genee an dësem Sujet vertrëtt.
Fir en Donneschdeg gëtt d'Diskussiounsronn dann och fir déi europäesch Staats- a Regierungscheffen opgemaach, déi net an der EU sinn. Dobäi sinn ënnert anerem Groussbritannien, d'Tierkei an d'Ukrain.