Austausch tëscht Deputéierte vum EU-Parlament a vun der russescher Duma

© DURSUN AYDEMIR / ANADOLU / Anadolu via AFP
E Mëttwochmoie wier et zu engem Meeting tëscht Deputéierte vun der russescher Duma a vum EU-Parlament komm.
De Meeting wier iwwer Videokonferenz gehale ginn, heescht et an engem Schreiwes vum Lëtzebuerger EU-Deputéierte vun der adr, dem Fernand Kartheiser. Dësen hätt de Meeting zesumme mam President vum Kommitee fir international Ugeleeënheete vum russesche Parlament, dem Leonid Slutsky geleet.
D'Decisioun, esou eng Konferenz ze organiséieren, wier am Kader vum Fernand Kartheiser senger Visitt zu Moskau am Mee gefall.
Och wann et nëmmen en informelle Meeting gewiescht wier, géif dëse weisen, dass een trotz de schwieregen Ëmstänn den Dialog mat Russland wéilt nei opbauen. De Leonid Slutky hätt an deem Kontext dorop higewisen, dass et den éischte Meeting tëscht Membere vu béide Parlamenter zanter 2014 ass an de Fernand Kartheiser hätt ënnerstrach, wéi wichteg den Dialog wier, fir eng Léisung a Saachen Ukrain-Krich ze fannen an ze verhënneren, dass et zu enger Oprëschtungsspiral kënnt.
D'EU-Deputéiert, déi um Meeting deelgeholl hunn, hätten nieft dem Krich an der Ukrain och d'Méiglechkeet vu wirtschaftlecher an ekonomescher Kooperatioun, d'Sanktiounen, d'Probleemer an den Handelsrelatiounen, de Klima vun der medialer Berichterstattung an d'Relatiounen tëscht der russescher an der europäescher Zivilgesellschaft diskutéiert.
Béid Säite wiere sech eens, dass een den Dialog um Lafe misst halen an hätte festgehalen, sech an Zukunft reegelméisseg auszetauschen a sech géigesäiteg schrëftlech Froen zoukommen ze loossen. Ausserdeem wéilt ee préiwen, ob et méiglech wier, sech an Zukunft perséinlech ze gesinn.
Wéi et am Schreiwes heescht, hätten EU-Deputéiert aus verschiddene Länner a vun ënnerschiddlecher politescher Couleur um Meeting deelgeholl. Wéi vill et der waren, geet awer net aus dem Schreiwes ervir.