Fir d'éischte Kéier bannent sechs Joer sinn d'USA an engem sougenannte "Shutdown".

E Mëttwoch ëm Mëtternuecht Washington-Zäit ass d'Budgetsspär a Kraaft getrueden. Virdru war et dem Donald Trump senge Republikaner an den oppositionellen Demokraten am US-Kongress net gelongen, eng Eenegung op een Iwwergangsbudget bis November ze fannen.

Een Entworf, dee vum Representantenhaus déi gréng Luucht kritt hat, krut am Senat dunn awer net déi néideg Stëmme vun den Demokraten.

Mat dem "Shutdown" ginn eng sëllege Beamten an den "Zwangscongé" geschéckt, wat an der Reegel zu grousse Stéierungen an de Verwaltungen, ma och am Fluchverkéier oder an ëffentlechen Ariichtungen, wéi zum Beispill Nationalparken oder a Muséeën, féiert. Net betraff sinn allerdéngs essentiel Servicer, wéi zum Beispill d'Fluchsécherung, d'Police oder d'Noutversuergung an de Spideeler. Wéi laang de Shutdown dauere kéint, ass aktuell net gewosst.

De leschte Shutdown hat et wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit ginn, tëscht de Joren 2018 an 2019. Deemools war de Budget ganzer 35 Deeg laang blockéiert - et war de längste Shutdown an der Geschicht vun den USA. Ursaach vum Budgetssträit war deemools d'Finanzéierung vun der Grenzmauer zu Mexiko, déi den Trump deemools wollt baue loossen.

Am aktuelle Sträit gi sech d'Republikaner an d'Demokrate géigesäiteg d'Schold um Shutdown. Am Representantenhaus gouf de Budget ugeholl, ma am Senat konnt déi néideg Majoritéit vu 60/100 Stëmmen net erreecht ginn. Dofir hätten op d'mannst siwen Demokrate mat de Republikaner matwiele missen.

D'Demokraten haten als Konditioun fir hir Zoustëmmung Honnerte Milliarden Dollar méi fir de Gesondheetssystem gefuerdert, speziell fir den Obamacare-Programm, dee Stéit mat geréngem Akommes ënnerstëtzt. D'Trump-Regierung dogéint wëll de Programm ganz sträichen.

An engem Video a senge soziale Medien behaapt den Trump, d'Demokrate wéilten d'Gesondheetsversuergung fir "illegal Migrante" sécheren, fir si als Wieler ze gewannen. Am Video mécht hien de Geck mam demokratesche Chef am Senat Chuck Schumer a mam demokratesche Chef am Representantenhaus Hakeem Jeffries.

E Méindeg hat den Trump mam Schumer an Jeffries am Wäissen Haus beroden, ma ouni Resultat. De Schumer huet en Dënschdeg säin Entsetzen iwwer de Video expriméiert: "De President trollt léiwer den Internet a litt iwwer d'Gesondheetsversuergung, amplaz d'Wourecht ze soen a sech un d'Aarbecht ze maachen."

Den Trump dreet iwwerdeems mat neie Massenentloossungen an den ëffentlechen Agencen. Hie kéint "vill" Beamten entloossen, sot de President, ma verantwortlech dofir wieren d'Demokraten. "Si hunn d'Wale sensationell verluer, a si verännere sech einfach net." Den Trump hat schonn am Ufank vu senger zweeter Amtszäit massiv Kierzungen an de Ministèren an Agencen decidéiert. Dat ass am Ufank an dem Tech-Milliardär Elon Musk säin Zoustännegkeetsberäich gefall, ma Enn Mee kruten Trump a Musk sech an d'Hoer, esou datt dee säi Beroderposten néiergeluecht huet.