Nach ass kee Fridden am Noen Osten, ma an den nächsten Deeg kéint intensiv doru geschafft ginn.

Zu Kairo gi sech e Sonndeg Verhandlungsdelegatiounen aus Israel a vun der Hamas fir indirekt Gespréicher iwwert dem Donald Trump a Benjamin Netanjahu hire Friddensplang fir d'Gazasträif erwaart. Den amerikanesche Spezial-Beoptraagten Steve Witkoff an dem Donald Trump säin Eedem Jared Kushner solle sech an Ägypten treffen.

An enger Tëleesried e Samschdeg sot de Benjamin Netanjahu, hien hätt d'Hoffnung, datt d'Geisele geschwë fräikommen aus der Gazasträif. Déi lescht Detailer sollen an Ägypten gekläert ginn. An zwee Deeg ginn et zwee Joer, datt d'Hamas mat hirer brutaler Attack op Israel an de Massaker déi aktuell Gewalteskalatioun ausgeléist hat.

Den israeelesche Regierungschef sot, datt d'israeelesch Arméi weiderhi "strategesch Gebidder" an der Gazasträif kontrolléiere géif. An engem zweete Schrëtt géif d'Terrormiliz hir Waffen ewechgeholl kréien an d'Gazasträif demilitariséiert ginn. Dat kéint entweder op diplomateschem Wee oder mat militäresche Mëttele geschéien. D'Hamas huet Deeler vum Plang zougestëmmt awer nach net ausdrécklech akzeptéiert, d'Waffen néierzeleeën.

Fir den Donald Trump wier Fridden am Gazakrich direkt méiglech wann d'Islamiste vun der Hamas sech géifen op eng bestëmmte Plaz géifen zréckzéien.