
Den ukrainesche President Wolodymy Selenskyj huet sech no enger Entrevue mam US-President Donald Trump am Wäissen Haus en Dënschdeg zefridde gewisen. An enger éischter Reaktioun huet den ukrainesche Staatschef vun engem "gudden Treffen" geschwat. Hien hätt mam Donald Trump ënner anerem iwwer Lizenze fir d'Produktioun vu Patriot-Rakéite verhandelt. E weidere Sujet wieren d'diplomatesch Beméiunge fir e Fridden an der Ukrain gewiescht. Et wier wichteg, dass den diplomatesche Prozess nees an d'Rulle kënnt, sou de Selenskyj op X.
Den ukrainesche President huet dem Donald Trump fir d'Ënnerstëtzung am russeschen Aggressiounskrich Merci gesot. Aus de Fotoen, déi hien op X gedeelt huet, geet ervir, dass och d'Aussen- a Verdeedegungsministère vun der Ukrain an den USA un der Entrevue deelgeholl hunn.
Kuerz viru senger Arrivée am Wäissen Haus hat de Selenskyj op X geschriwwen, dass et virun allem ëm d'Defense géint ballistesch Rakéiten an ëm d'strateegesch Zesummenaarbecht mat den USA géing goen.
De Vereenten Natiounen no wieren am Juni esou vill ukrainesch Zivilisten duerch russesch Laangstrecke-Rakéite gestuerwe wéi zanter Abrëll 2022 net méi. D'Ukrain kann dës Rakéiten nëmme mat Patriot-Rakéiten aus den USA interceptéieren. Ma genee vun dëse gëtt et an der Ukrain en drastesche Mangel, dat besonnesch zanter dem Ufank vun der amerikanescher Attack op den Iran am Februar.