Schock a FrankräichIwwerreschter vu fënnef Bëbeeën an enger Wunneng fonnt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an der südfranséischer Stad Orange d'Schanke vu fënnef doudege Bëbeeën an enger Wunneng entdeckt.
© JC MILHET/Hans Lucas via AFP

D'Iwwerreschter louchen a Kartongskëschten. D'Justiz huet eng Ermëttlung wéinst Doudschlag ageleet.

Et koum zu dëser Entdeckung, nodeems de Partner vun der 32 Joer aler Bewunnerin no der Gebuert vun engem gesonde Puppelchen doheem d'Wunneng duerchsicht hat an dobäi mënschlech Iwwerreschter entdeckt huet. D'Spidol huet doropshin d'Autoritéiten alarméiert.

D'Forensik geet dovun aus, datt et sech ëm fënnef Neigebueren handelt. Weider Autopsië solle fir Opklärung suergen.

D'Mamm konnt bis elo nach net vun den Ermëttler befrot ginn.

D'Koppel huet och nach zwee Kanner am Schoulalter.

Back to Top
CIM LOGO