
Dës solle en Netz opbauen, wat Smartphonen an aner Apparater direkt iwwer Satellitte mam Internet verbënnt – ouni klassesch Mobilfunkantennen.
De Projet baséiert deelweis op der Infrastruktur vum Satellittebedreiwer Globalstar, deen Amazon fir ronn 11,6 Milliarden Dollar iwwerhuele wëllt. D'Netz soll virun allem Mënschen an ofgeleeëne Regiounen eng besser Verbindung bidden an och bei Rettungsasätz oder an Noutfäll agesat kënne ginn.
Amazon rechent domat, de Service vun 2028 u kënnen anzeféieren. Mat dësem Projet trëtt de Konzern a Konkurrenz mam Starlink-Netz vu SpaceX.
Bis elo huet Amazon méi wéi 390 Satellitten am Orbit, op laang Siicht si méi wéi 3.200 Satellitte geplangt.