Israeelesch Arméi waart op de Retour vun de Geiselen
© JACK GUEZ / AFP
Et gouf Widderstand vu rietsextreme Regierungsmemberen, ma déi israeelesch Regierung huet fir déi éischt Phas vum US-Plang gestëmmt.
"D'Regierung huet grad de Kader fir d'Fräiloosse vun all de Geiselen - souwuel déi lieweg wéi déi verstuerwen - accordéiert", huet et an der Nuecht op e Freideg an enger verëffentlechter Deklaratioun vum israeelesche Premierminister Netanjahu geheescht. Et gëtt geschat, dass nach 20 Geisele sollen um Liewe sinn, zesumme mat deene verstuerwene kéinten et der 26 sinn.
Israeelesch Zaldote waarden op Retour vun de Geiselen
Zanter 12 Auer e Freidegmëtteg ass d'Wafferou an der Gazasträif offiziell a Kraaft. Wéi et vum israeelesche Militär heescht, hätten d'Zaldote sech laanscht déi aktualiséiert Asaz-Linn positionéiert, fir do op de Retour vun de Geiselen ze waarden. Der israeelescher Regierung no géif ee bis e Méindeg mat der Fräiloossung rechnen.
Iwwerdeems huet de Militär an enger Annonce op Arabesch annoncéiert, dass déi zwou wichtegst Verbindungsstroossen tëscht dem Norden an dem Süde vum Palästinensergebitt nees op sinn. D'Bewunner vu Gaza goufen awer gewarnt, dass si den israeeleschen Zaldoten net sollten ze no kommen. Ausserdeem wiere verschidde Géigende vun der Gazasträif nach ëmmer ganze geféierlech. Ausserdeem géifen d'Zaldote vum Südkommando weiderhin "all onmëttelbar Gefor ausschalten".
Vun der Wafferou zum Waffestëllstand?
Geschwë soll och de Waffestëllstand a Kraaft trieden. Do virdrun hat d’Hamas schonn de Krich fir eriwwer erkläert. Israel an déi islamistesch Hamas haten deeglaang indirekt an Ägypten iwwert d'Ëmsetze vun der éischter Phas vum US-President Trump sengem Friddensplang fir d'Gazasträif verhandelt. En Enn vum Krich, deen elo zwee Joer laang dauert a vun der Iwwerraschungsattack vun der Hamas ausgeléist gouf, kéint also Realitéit ginn.
Iwwer verschidde Punkten am US-Plang goufen awer nach net geschwat respektiv gëtt et nach keen Accord. Dozou gehéiert, datt d’Hamas d’Waffen ofgëtt, d’Sécherheet an der Gazasträif, den Neesopbau vum Gebitt an d’Fro, wien an Zukunft do regéiere soll. D'aktuell Eenegung gesäit e Fräiloosse vun de Geiselen, d'Entloosse vu palästinensesche Prisonéier aus israeelesche Prisongen, e schrëttweise Réckzuch vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif souwéi Hëllefsliwwerungen an d'Palästinensergebitt vir. Dëst soll bannent 72 Stonne geschéien, nodeems d'Ofkommes a Kraaft getrueden ass.
200 US-Zaldote sollen am Noen Osten stationéiert ginn, fir d’Wafferou z’iwwerwaachen.
Och Militärvertrieder aus Ägypten, Katar an der Tierkei a méiglecherweis och aus de Vereenegten Arabeschen Emirater solle matagebonne ginn. Iwwerdeems wëll den Donald Trump e Sonndeg an den Noen Osten reesen.