Decisioun vum Appellsgeriicht
Nationalgarde däerf elo awer vum Trump zu Portland agesat ginn

En Appellsgeriicht huet dem President Donald Trump et elo awer erlaabt, d'Nationalgarde zu Portland am Nordweste vun den USA ze stationéieren.
An enger Erklärung vum Geriicht heescht et, et wier "warscheinlech, datt de President seng gesetzlech Befugnisser rechtméisseg ausgeüübt huet".
Den Trump hat eng 200 Membere vun der Nationalgard an déi demokratesch regéiert Stad geschéckt. D’Argument: si sollen d'Immigratiounspolice bei hirer Aarbecht schützen.
Géint dës Asätz gouf et jo an deene leschte Woche vill Protester. Och op Los Angeles, Washington a Memphis waren Nationalgardiste geschéckt ginn.
Am meeschte gelies