Merz gesäit d'AfD als Haaptgéigner, kritt awer Géigewand aus eegene Reien

© Photo by KAY NIETFELD / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Virun e puer Joer hat de Merz nach annoncéiert, d'Stëmme vun der AfD ëm d'Hallschent ze reduzéieren. Den aktuellen Trend weist awer de Géigendeel.
Mat jeeweils 26 Prozent leien d'Unioun CDU/CSU an d'AfD an den aktuellen Ëmfroe vum ARD-Deutschland-Trend nämlech op Aenhéicht. E Méindeg huet den däitsche Bundeskanzler op enger Pressekonferenz vun der CDU selwer Feeler an der eegener Politik ageraumt a gläichzäiteg nach eemol bekräftegt, datt eng Zesummenaarbecht mat der rietspopulistescher AfD net a Fro kéim. Ganz am Géigendeel huet hien d'Partei en vue vun de Landtagswalen, déi 2026 um Programm stinn, als Haaptgéigner betitelt. Dës Kampfuso ass awer fir kritesch Stëmmen net vereenbar mat der aktueller Rhetorik, mat där de Merz probéiert, ze regéieren.
Kritik wéinst "Problemer mam Stadbild"
An deene leschten Deeg war den däitsche Kanzler aus verschiddene Richtunge wéinst enger Rei Aussoen a Kritik geroden. Ugefaangen hat et mat enger Ausso, mat där hien indirekt, awer zimmlech eendeiteg, Mënsche mat engem Migratiounshannergrond an Däitschland verbal attackéiert huet. "Aber wir haben natürlich immer im Stadtbild noch dieses Problem, und deswegen ist der Bundesinnenminister ja auch dabei, jetzt in sehr großem Umfang auch Rückführungen zu ermöglichen und durchzuführen", sou d'Äntwert vum Merz op eng Fro iwwert d'AfD, déi ëmmer méi staark géif.
Kritik gouf et doropshin ënner anerem vun Oppositiounsparteien wéi vun de Gréngen, déi d'Ausso an engem oppene Bréif als "rassistesch" an "diskriminéierend" betitelt hunn. Ma och vum Koalitiounspartner SPD huet ee sech vum Stil vum Merz net zefridde gewisen. Hie géif mat Aussoe wéi dësen zu der Spaltung vun Däitschland bäidroen an d'Vertrauen an d'Regierung schwächen, sou den SPD-Generalsekretär Tim Klüssendorf. Souguer aus der eegener Partei ass et deelweis Kritik ginn. De Chef vum soziale Flillek vun der CDU huet dobäi de Stil vum Merz kritiséiert an u seng Verantwortung an Aufgab als Kanzler erënnert, den Zesummenhalt an Däitschland ze stäerken. Ënnerstëtzung fir seng Ausso krut hie virun allem vum CSU-Chef Markus Söder: "Merz hat natürlich recht."
E puer Deeg méi spéit huet de Friedrich Merz sech awer net fir seng Ausso entschëllegt, ma hien huet säin Argument op Nofro vun der Press hin souguer nach eemol verstäerkt. Et géing een alles dofir a Kraaft setzen, dëse Problem unzegoen an all déi Leit, déi eng Duechter hätten, géingen dëse Problem och verstoen.
Kritiker mengen, datt dës Aart vum Merz net wierklech dozou bäidréit, d'AfD ze schwächen. Et wier éischter de Géigendeel de Fall. Well ee sech op där enger Säit géint d'AfD ausschwätzt, sech op där anerer Säit awer un enger änlecher Rhetorik zerwéiert, déi d'Wieler vun der rietspopulistescher Partei uschwätzt. D'Kritik aus den eegene Reie confirméieren dat a weisen, datt déi aktuell Regierung an Däitschland alles anescht wéi souverän am "Kampf" géint d'AfD optrëtt.