International Truppe géife "ganz geschwënn" an d'Gazasträif geschéckt ginn
© AFP/Mandel NGAN
Vun den USA koordinéiert international Stabiliséierungstruppe sollen dem US-President no geschwënn an d'Gazasträif geschéckt ginn.
"Et wäert geschwënn esou wäit sinn", esou den Trump op eng Journalistefro en Donneschdeg am Wäissen Haus, um Bord vun engem Treffe mat Staats- a Regierungscheffen aus Zentralasien. D'Gaza-Truppe sinn Deel vum Trump sengem Plang fir d'Verwaltung vum Palästinensergebitt nom Krich.
"Eng Rei Länner hu sech bereet erkläert, am Fall vu Probleemer mat der Hamas oder bei anere Probleemer anzegräifen", esou den Trump. E Mëttwoch haten d'USA hire Partner en Entworf fir eng Resolutioun am UN-Sécherheetsrot virgeluecht, déi dem Trump säi Friddensplang fir d'Gazasträif ënnerstëtzt.
Wéi et aus Diplomatekreesser heescht, hätten eng Rei Länner schonn hir Bereetschaft annoncéiert, bei den internationalen Truppen matzemaachen, dorënner Indonesien. D'Länner bestinn allerdéngs drop, datt et ee Mandat vum UN-Sécherheetsrot gëtt, fir tatsächlech Truppen an der Gazasträif ze stationéieren. De Kommandant vum Regionalkommando vum US-Militär, dee fir den Noen Osten zoustänneg ass, hat am Oktober bei engem Besuch an der Gazasträif gesot, d'USA géife keng Zaldoten op der Plaz asetzen.
E Mëttwoch hat den US-Ambassadeur bei der UN, de Mike Walz, een Entworf fir esou eng Resolutioun weidergeleet. Hien huet d'Dokument mat enger Rei net-stännege Membere vum UN-Sécherheetsrot gedeelt, genee wéi mat de regionale Partnerlänner Ägypten, dem Katar, Saudi-Arabien, der Tierkei an de Vereenegten Arabeschen Emiraten.
D'Truppe sinn an dem Ofkommes virgesinn, dat no ronn zwee Joer Krich tëscht Israel an der islamistescher Hamas an der Gazasträif zu enger Wafferou gefouert hat. D'Truppe solle mat Ënnerstëtzung vun Ägypten a Jordanien palästinensesch Polizisten an der Gazasträif ausbilden. De sollen ausserdeem d'Grenzgebitter sécheren an de Waffeschmuggel un d'Hamas verhënneren.