Fënnef Doudeger duerch Taifun Kalmaegi am Vietnam
Gia Lai, Vietnam. / © NHAC NGUYEN / AFP
No der schroer Zerstéierung op de Philippinnen, huet den Taifun Kalmaegi am Vietnam den Autoritéiten no fënnef Doudesaffer gefuerdert.
Den Tropestuerm wier an der zentraler Provënz Gia Lai mat Wandvitesse vu bis zu 149 Stonnekilometer op Land getraff an hätt an der Nopeschprovënz Dak Lak 57 Haiser an de Koup gerappt. Bal 3.000 Haiser hätten iwwerdeems keen Daach méi.
D'vietnameesesch Autoritéite sinn nach amgaangen, de Schued festzehalen. Eelef Booter a Schëffer sinn dem Ëmweltministère no duerch de Stuerm op Grond gelaf. Dem staatlechen Energiefournisseur no huet de Stuerm Gia Lai tëschenzäitlech Stroumausfäll bei ronn 1,6 Millioune Clienten ausgeléist. Antëscht wier d'Stroumversuergung bei engem Drëttel allerdéngs nees retabléiert. Am Vietnam gouf et schonn an de leschten Deeg staarke Reen an Iwwerschwemmungen, déi 47 Leit d'Liewe kascht hunn.
Philippinnen preparéiere sech schonn op den nächsten Taifun
Op de Philippinnen ass d'Zuel vun den Doudesaffer antëscht op 188 geklommen. De lokalen Autoritéiten no géifen nach ëmmer 135 Leit vermësst. E Méindeg war de Stuerm mat 130 Stonnekilometer iwwert déi zentral Inselen Cebu an Negros gezunn, ier en nees op d'Mier erausgoung.
De Stuerm Kalmaegi zitt elo weider a Richtung Thailand, wou d'Autoritéiten e Freideg eng Warnung erausginn hunn.
Am Vietnam an op de Philippinnen si Staarkreen an der Reenzäit tëscht Juni an November net aussergewéinlech, ma duerch de mënschegemaachte Klimawandel gi schro Wiederkonditiounen ëmmer méi heefeg. Op de Philippinnen, wou 188 Leit gestuerwe sinn, muss ee sech schonn nees op den nächsten Taifun preparéieren. Den Tropestuerm "Fung-wong" kéint e Méindeg als Supertaifun op d'Küst vun der Haaptinsel opschloen.