Däitschen Droge-Beoptraagte fir Altersaschränkunge beim Notze vu Social Media
© Rasit Aydogan / Anadolou Agency via AFP
Et wier sënnvoll, dass verschidde Funktioune vu sozialen Netzwierker eréischt fir den Notzer accessibel ginn, wann dësen e gewëssenen Alter erreecht huet.
Dat sot den Droge-Beoptrage vun der däitscher Bundesregierung, den Hendrik Streeck e Freidegowend géigeniwwer den Zeitunge vun der Funke-Mediengruppe. Besonnesch de Kontakt mat Algorithmen, déi dorop aus wieren, den Notzer ëmmer méi laang vum Ecran ze halen, misst altersgerecht limitéiert ginn, sou den CDU-Politiker.
Kanner bréichte Schutzraim a keng Schläifen, an deene si endlos vill Zäit verbréngen, sou de Streeck. Hannergrond vum Droge-Beoptraagte senger Propos ass eng zezent Etüd vun der "DAK-Gesundheit". An dëser heescht et, dass Kanner an Däitschland op engem Wochendag an der Moyenne 150 Minutten an digitalen Netzwierker géife verbréngen, samschdes a sonndes wieren et esouguer 224 Minutten. Dat géif op Käschte vu Frëndschaften, Hobbyen, Beweegung a schoulesche Leeschtunge passéieren, sou de Streeck.
Et misst een iwwert e Modell nodenken, deen änlech zu deem vun der "FSK-Kontroll" bei Filmer funktionéiert. D'Organisatioun "Freiwillige Selbstkontrolle" leet an Däitschland gesetzlech verflichtend fest, ab wéi engem Alter Filmer fir Kanner a Jugendlecher fräigi sinn: 0, 6, 12, 16 oder 18 Joer.