Wéi d'Appellsgeriicht e Méindeg matgedeelt huet, däerf den zanter knapp dräi Wochen inhaftéierten Ex-President de Prisong ënner Oplage verloossen.

Ënner anere krut hie vun de Riichter verbueden, d'Land ze verloossen an de amtéierende franséische Justizminister Gérald Darmanin ze kontaktéieren. Et gëtt domadder gerechent, datt de 70 Joer alen Nicolas Sarkozy am spéide Méindegnomëtteg de Paräisser Prisong Santé verléisst. Wärend der Geriichtsverhandlung war hie per Video zougeschalt an huet vun enger "immens haarder an ustrengender" Zäit an Haft geschwat. Et war déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt de Sarkozy sech ëffentlech zu senger Haft geäussert huet.

Wéinst der Affär ëm illegal Walkampffinanzéierung war de franséischen Ex-Staatschef Enn September zu 5 Joer Prisong verurteelt ginn. Wéinst der Gravitéit vun de Faite haten d'Riichter eng direkt Vollstreckung vum Urteel ordonéiert. Et war déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt e fréiere Staatschef vun engem EU-Land an de Prisong koum.