Déi brittesch Zentralbank huet e rechtleche Kader fir sougenannt Stablecoins virgeschloen.

"Eist Zil ass et, Innovatiounen ze fërderen an d'Vertrauen an dës nei Form vu Wärung opzebauen", esou d'Sarah Breeden, déi stellvertriedend Gouverneurin vun der Bank of England e Méindeg. D'Noutebank geet deemno dovun aus, datt dës Aart vu Kryptowärung an der Zukunft "eng bedeitend Roll beim Bezuele" kéint spillen.

Stablecoins sinn digital Wärungen, där hire Wäert un eng traditionell Wärung gekoppelt sinn, an dee meeschte Fäll un den US-Dollar. Si gëllen als wichtegt instrument, fir Vertrauen an d'Kryptowärungen opzebauen, well si deenen hir Virdeeler, eng däitlech vereinfacht Transaktioun ouni Intermediairen, bidden an zum selwechten Ament net esou schwanken wéi zum Beispill de Bitcoin.

D'Bank of England wëll elo Reegele fir Stablecoins op Basis vum brittesche Pond ariichten. Si schléit ënner anerem vir, datt déi Entreprisen a Systemer, déi systemrelevant Stablecoin erausginn, "bis zu 60 Prozent vun hirer Sécherheet a kuerzfristege brittesche Staatsobligatioune kréien dierfen." Fir dës Reguléierung vun de wichtegste Fournisseure wier d'Zentralbank selwer zoustänneg. Méi kleng Acteure kéinten ënnert d'Zoustännegkeet vun der FCA falen, déi jo de Marché observéieren

Dem Virschlag no soll an enger éischter Phas och limitéiert ginn, wéi vill Stablecoins an Ëmlaf kommen. Privatpersoune sollen deemno am Ufank net méi wéi 20.000 Pond, also ronn 23.000 Euro, vun dëser Wärung dierfe besëtzen. Entreprise wieren, vun Ausnamen ofgesinn, op 10 Millioune Pond limitéiert. Dës Limitatioune wëll een ophiewen, wann ee sécherstelle konnt, datt den Iwwergang keng Risike méi fir d'Finanzéierung vun der Realwirtschaft duerstellt.

D'FCA hat schonn am Mee hiren eegene Virschlag fir d'Stablecoins publizéiert, dorënner d'Verflichtung, "systematesch Sécherheeten an der Héicht vum Wäert vum Stablecoin ze halen". D'EU hat hirersäits 2024 e rechtlecht Instrument geschaaft, datt d'Notze vun Dollar-Stablecoins limitéiert, ouni awer eegenen an Euroen ze promouvéieren.