An der Belsch ass e Mëttwoch den Optakt vun engem Geriichtsprozess géint den Energiekonzern "Total Energies".

De Bauer Hugues Falys wëll viru Geriicht erreechen, dass de Konzern d'Responsabilitéit fir Verloschter iwwerhëlt, déi d'Landwirtschaft als Suite vum Klimawandel erlidden hätt. D'Entreprise selwer hat d'Klo nach virum Optakt vum Prozess als net legitim zeréckgewisen.
 
De Fayls argumentéiert, dass Total als fossillen Energiekonzern eng besonnesch Responsabilitéit fir de Klimawandel géing droen. Dat, well d'Fërderen a Verbrenne vun Ueleg a Gas besonnesch vill Zäregase géif verursaachen. De Bauer verweist an deem Kontext op véier extreem Weiderphänomener tëscht 2016 an 2020: En uergt Wieder, bei deem seng Gromperen- an Äerdbiersrecolte zerstéiert gouf an dräi Dréchenten. Virun allem wéinst den Dréchenten hätt hien Aboussen an der Fudderproduktioun gehat. Dowéinst hätt hie misse säi Bestand u Béischte verklengeren, wouduerch hien Abousse bei senge Recette gehat hätt.
 
Bei senger Plainte gëtt de Bauer vu Greenpeace, der Ligue des Droits Humains an der Organisation Fian, déi sech fir déi weltwäit Versuergung mat Liewensmëttel asetzt, ënnerstëtzt. Si wëllen erreechen, dass "Total Energies" sech aus dem Geschäft mat Ueleg a Gas zeréckzitt an op erneierbar Energië setzt. Et hätt ee sech fir eng Plainte géint Total decidéiert, well dee franséische Konzern an der Belsch de gréisste Maartundeel beim Raffinéieren a beim Verkaf vun Äerdueleg huet, heescht vum Céline Romainville vun der Ligue des Droits Humains.
 
Total huet d'Plainte zeréckgewisen. Eng eenzel Entreprise kéint net dofir responsabel gemaach ginn, wéi déi weltwäit Energiewirtschaft wärend de leschten 100 Joer funktionéiert huet. Et hätt kee Sënn, an deem Kontext, engem eenzelen Acteur eng individuell Responsabilitéit zouzeweisen.
 
De Prozess ass op véier Deeg ugesat. Mat engem Urteel gëtt eréischt d'nächst Joer gerechent.