Déi presuméiert Vergëftung vun enger däitscher Famill zu Istanbul geet no Erkenntnisser vun der Geriichtsmedezin héchstwarscheinlech op Chemikalien zeréck.

Eng Liewensmëttelvergëftung, déi ugangs als méiglech Ursaach fir den Doud vun den zwee Kanner an hiren Elteren ugeholl gi war, wier "onwarscheinlech", wéi lokal Medien um Mëttwoch mellen.

De Medieberichter no soll an engem Zëmmer um Rez-de-chaussée vum Hotel e Mëttel géint Bettwanzen versprëtzt gi sinn. Dëst Mëttel kéint iwwer d'Entlëftung am Buedzëmmer an d'Zëmmer vun der Famill am éischte Stack gerode sinn.

Den Hotel gouf e Samschdeg evakuéiert, nodeems zwee weider Gäscht mat änleche Symptomer an d'Spidol bruecht gi waren. E Sonndeg hunn d'Autoritéiten d'Gebai zougemaach.

D'tierkesch Famill, déi zu Hamburg gewunnt huet, hat zu Istanbul Vakanz gemaach. D'Elteren an hir Kanner vu véier a sechs Joer waren e Mëttwoch krank ginn. Virdru sollte si an der touristescher Géigend Ortaköy direkt um Bosporus Streetfood giess hunn an eng Liewensmëttelvergëftung war duerfir den Haaptverdacht.

D'Famill gouf an d'Spidol bruecht, mee all Hëllef koum ze spéit. No de Kanner an der Mamm ass e Méindeg och de Papp am Spidol gestuerwen.

Am Zesummenhang mam Doud vun der Famill goufen bis elo 11 Persoune festgeholl.