US-President Trump dreet WM-Stied domat, Matcher op aner Plazen ze verleeën
© SID/BRENDAN SMIALOWSKI
Den US-President Donald Trump huet demokratesch regéierte Stied, an deene Matcher vun der Futtball-WM 2026 ausgedroe ginn, mat enger Verleeung gedreet.
"Wa mir mengen, datt et Unzeeche fir Probleemer gëtt, géif ech den Gianni (FIFA-President Gianni Infantino, n.d.l.r.) bieden, den Evenement an eng aner Stad ze verleeën", esou den Trump mat Bléck op angeeblech Sécherheetsprobleemer zu Seattle, nodeems hei d'Demokratin Katie Wilson rezent d'Buergermeeschterwal gewonnen huet. Schonn am September huet den US-President iwwert eng Verleeung vu WM-Matcher spekuléiert.
Sécherheet wier fir dësen Tournoi "déi iewescht Prioritéit", esou den Gianni Infantino wärend enger gemeinsamer Pressekonferenz am Oval Office. "Dat läit natierlech an der Responsabilitéit vun der Regierung, a mir wäerten dat natierlech beschwätzen. Mir schaffen zesummen a musse sécherstellen, datt all Fans aus dem Ausland e Sportsfest erliewen kënnen, an zwar mat 100-prozenteger Sécherheet."
Mat Stied wéi Los Angeles, San Francisco, Seattle oder Boston gehéieren och demokratesch Héichbuergen zu deene Stied, an deene WM-Matcher wäerte gespillt ginn. D'Trump-Regierung hat jo an eng Rei dovunner Nationalgardiste geschéckt, fir eegener Ausso no géint Kriminalitéit a lénks Aktiviste virzegoen. Dat géint de Wëlle vun de lokalen an deels och staatlechen Autoritéiten op deene Plazen.
D'USA droen d'Futtball-WM, déi vum 11. Juni bis den 19. Juli dauere wäert, zesumme mat Kanada a Mexiko aus. Datt hien am Kampf géint d'Drogekriminalitéit och de südlechen Noper attackéiere géif wann néideg, huet den US-President iwwerdeems net ausgeschloss. "Géif ech en Ugrëff op Mexiko starten, fir Drogen ze stoppen? Dat wier fir mech okay", esou den Trump am Oval Office op eng entspriechend Fro vun engem Journalist.