Dausenden Internetsäite wéinst Problemer bei Cloudflare deelweis net z'erreechen
© AFP
Ënner anerem X, League of Legends, ChatGPT oder Canva awer och Lëtzebuerger Säite waren zum Deel en Dënschdeg an der Mëttesstonn net z'erreechen.
Cloudflare stellt Sécherheetsdéngschter tëscht de Websäiten a Visiteure bereet an hat en Dënschdeg Problemer mat hire Systemer. De Problem war kuerz no 12 Auer opgetrueden an hat e puer dausend Websäite betraff.
Nieft den internationale Websäite sinn och Lëtzebuerger Entreprise wéi Yellow.lu. Paperjam oder d'Tageblatt, déi mat Cloudflare schaffen. Dës waren dowéinst zum Deel am Laf vum Dënschdeg Nomëtteg deelweis net accessibel.
Wéi d'AFP mellt, hätt ee géint 12.20 Auer eng ongewéinlech Hausse un Trafic bei engem vun de Servicer vu Cloudflare festgestallt. Dësen hätt dozou gefouert, datt et zu Feelermeldungen an dann eben zu den aktuell bekannte Problemer komm wier. Weider mellt d'Agence, datt d'Entreprise hinne matgedeelt hätt, datt een aktuell nach net géif wëssen, wat d'Ursaach vun der Hausse vum Trafic wier. Et géif een awer dru schaffen, fir alles nees normal lafen ze loossen.
Déi amerikanesch Entreprise seet vu sech selwer, datt ee ronn 20 Prozent vum globalen Internettrafic géif geréieren.