Den US-President Donald Trump huet sech op senger Social-Media-Plattform Truth Social nees zu Wuert gemellt.

Den Trump rifft d’Bevëlkerung vum Honduras dozou op, bei de Presidentiellen e Sonndeg, de rietsen Nasry “Tito” Asfura ze wielen. Den Asfura wier “den eenzege richtege Frënd vun der Fräiheet am Honduras” a mat him kéint hien zesummeschaffen, fir “d’Narko-Kommunisten ze bekämpfen an déi néideg Hëllef zu de Leit am Honduras ze bréngen”.

Mam Asfura senger Kontrahentin, der lénkser Rixi Moncada an de “Kommunisten”, kéint den Trump eegener Ausso no dogéint net zesummeschaffen. Och den drëtte Kandidat an der Course ëm d’Presidentschaft, de rietse Salvador Nasralla, wier “kee vertrauenswierdegen Alliéierte fir d’Fräiheet”. Dëse géif nëmme sou maachen, wéi wann en “Antikommunist” wier, fir Votte vum Asfura ofzegräifen.

Gläichzäiteg huet den Trump virun enger angeeblecher Amëschung vum venezuelanesche President Nicolás Maduro op d’Walen am Honduras gewarnt: “Wäerte de Maduro a seng Narko-Terroristen e weidert Land iwwerhuelen, wéi scho Kuba, Nicaragua a Venezuela?

D’Lag tëschent den USA a Venezuela ass zanter Méint ugespaant. Washington reprochéiert Caracas, d’Drogebanden ze kontrolléieren an dës geziilt géint d’USA anzesetzen an domat d’Sécherheet vun den USA an hire Bierger a Gefor ze bréngen. D’USA haten dowéinst an de leschte Wochen eng Rei Krichsschëffer a Kampffligeren an d’Karibik geschéckt, och fir hei den Drogenhandel eegenen Aussoen no ze bekämpfen.