Groussbrand zu HongkongZuel vun den Doudege klëmmt op 128, Feieralarm hat "net richteg funktionéiert"

RTL Lëtzebuerg
Annerhallwen Dag nom schlëmme Groussbrand an engem Héichhauskomplex zu Hongkong zeechent sech lues awer sécher d'Ausmooss vun der Katastroph of.

D’Zuel vun den offiziell confirméierten Doudesaffer ass e Freideg de Moien op 128 geklommen, dobäi ginn ëmmer nach vill Leit vermësst. D’Autoritéiten ermëttele wéinst der Ursaach vum schlëmmste Brand zanter bal 80 Joer. Am Fokus vun den Ermëttlunge steet ënner anerem e Baugerüst aus Bambus, datt um Gebai fixéiert war.

Dräi Mataarbechter vun der Baufirma goufen am Zesummenhang mam Brand festgeholl. D’Autoritéiten hunn ordonéiert, d’Sécherheet op alle grousse Baustellen an der Milliounemetropol ze iwwerpréiwen.

Wéi den Andy Yeung, Chef vun de Pompjeeën, e Freideg de Moie matgedeelt huet, hätt den Alarmsystem am Wunnkomplex Wang Fuk Court “net richteg funktionéiert”. An dësem Zesummenhang géif een d’Entreprise, déi fir den Entretien zoustänneg war, an d’Verantwortung zéien.

D’Feier am Wunnkomplex Wang Fuk Court am nërdleche Staddeel Tai Po hat sech e Mëttwoch iwwer d’Bambus-Gerüst ausgebreet an esou séier och méi Gebaier am Héichhaus-Komplex ausgebreet. A véier Héichhaiser wieren d’Bränn geläscht an an dräi weideren ënner Kontroll bruecht ginn, esou d’Pompjeeën en Donneschdeg den Owend Lokalzäit. Just ee vun den am ganzen aacht Wunntierm ass vum Feier verschount bliwwen.

E Freideg de Moien hunn d’Autoritéiten den Doud vun 128 Leit confirméiert. Engem Spriecher no géifen nach op d’mannst 58 Leit an de Spideeler behandelt ginn, 12 dovu schwiewen a Liewensgefor. Et ass déi schlëmmste Brandkatastroph zu Hongkong zanter 1948.

D’Ekippe vun de Pompjeeë waren de ganzen Donneschdeg iwwer an de betraffene Gebaier op der Sich no den nach vermëssten Awunner.

Onkloer ass nach ëmmer, wéi vill Leit vermësst ginn. De Regierungschef vun der chineesescher Verwaltungszon John Lee hat op enger Pressekonferenz am fréien Donneschdegmoie vun 279 Vermësste geschwat. De Pompjeeën no konnte verschiddener vun hinnen awer fonnt ginn, déi offiziell Vermësstenzuel gouf awer net ugepasst.

De Pompjeeën no haten d’Flame sech wéinst dem Wand an den Debrisen, déi dorëmmer louchen, extrem séier ausgebreet. Deemno konnten d’Ekippe verschidde Stäck vun de Gebaier wéinst den extrem héijen Temperaturen am Ufank net erreechen.

Vill vun de Bewunner vum Komplex, an deem et bal 2.000 Wunnenge gëtt, sote géintiwwer der AFP, datt si kee Feieralarm héieren hätten. Si hätte vun Dier zu Dier misse goen, fir d’Noperen ze warnen.

Eng grouss Unzuel u Leit hat sech an der Géigend vun der Wunnanlag versammelt, fir eng spontan Hëllefsaktioun fir d’Bewunner a Rettungsekippen ze starten. D’Autoritéiten hunn den evakuéierten Awunner en Dag iwwert dem Kapp zur Verfügung gestallt.

D’Autoritéiten hunn Ermëttlungen ageleet, fir d’Ursaach vum Groussbrand erauszefannen. Um Gebai gouf geschafft, fir et ze sanéieren. Fir d’Bauaarbechte ware Gerüster aus Bambus opgeriicht ginn, déi mat Netzer aus Konschtstoff agewéckelt waren. D’Police huet dräi Männer festgeholl, déi verdächtegt ginn, Verpackungen, déi séier Feier fänken, um Chantier leie gelooss ze hunn.

Och d’Autoritéiten, déi géint Korruptioun virginn, hunn Ermëttlungen ageleet, fir “eng méiglech Korruptioun am Zesummenhang mam Groussprojet vun der Renovéierung vu Wang Fuk Court” ze ënnersichen.

Nieft dem Iwwerpréiwe vun alle grousse Chantieren hunn d’Autoritéiten och ordonéiert, datt all d’Firme vu Gerüster aus Bambus elo op Metall missten ëmklammen. Dobäi wëllen d’Autoritéite mat der Bauindustrie zesummeschaffen.

Zu Hongkong sti verschidde Wunnkomplexer, déi zu deene gréisste Strukture vun der Welt gehéieren. Fréier waren déidlech Feier en Deel vum Alldag, grad an de méi aarme Quartieren. An de leschte Joerzéngte goufen awer d’Sécherheetsmesurë verschäerft, esou datt Bränn a Wunngebidder vill méi seele virkommen.

RTL News vum 27.11 um 9h13: Groussbrand zu Hongkong Zuel vun Doudege klëmmt op 55

Back to Top
CIM LOGO