En Donneschdeg de Mëtteg war an der Stad eng méi lass.

Wien duerch de Garer Quartier gaangen ass, konnt eng laang Rei vu Leit gesinn, déi an der Schlaang stoungen, an huet sech doropshi vläicht gefrot, firwat d'Leit eigentlech zu Dosenden ustinn. Ma et huet een nawell e puer Meter misse maachen, fir d'Äntwert op dës Fro ze fannen. D'Leit hunn nämlech gewaart, fir an eng Filière vun enger däitscher Kebab-Chaîne eranzegoen.

De groussen Undrang hat wuel allerdéngs manner mam Goût vun de Keebappen, déi et do gouf ze dinn, mä éischter mam Präis. Fir d'Ouverture vun hirer éischter Filière zu Lëtzebuerg huet  déi däitsch Kette sech nämlech eng ganz besonnesch Marketing-Aktioun afale gelooss: De Kebab huet en Donneschdeg nëmmen ee Cent kascht.

Butteker an Entreprise versichen ëmmer nees, mat sougenannte Marketing-Stunten Opmierksamkeet ze generéieren a potenziell Clienten ze gewannen. Bekannt Beispiller sinn de sougenannte "Million Dollar Whopper" vu Burger King, eng Aktioun bei där d'Clienten hiren eegene Burger erstelle konnten an d'Chance haten, eng Millioun Dollar ze gewannen oder och nach dem Felix Baumgartner säi Fallschiermsprong aus der Stratosphär, dee jo vu Red Bull gesponsert gouf.