Nieft 10.000 Euro Geldstrof dierf hie säi Beruff 10 Joer laang net ausüben. Véier aner implizéiert Poliziste kruten och Strofen.

Sechs Joer Prisong, dovu fënnef mat Sursis. Dat ass de Verdikt fir de Polizist, deen 2019 am Escher Spidol säin Affer mat Ulaf a verstäerkten Händschen an d’Gesiicht geschloen hat, sou datt dëst multipel Frakturen am Gesiicht hat. D’Affer hat dee Moment d’Hänn mat Handschellen um Réck gefesselt a kee Widderstand geleescht.

Fir déi véier aner Polizisten, déi dobäi waren an d’Affer ugehalen hunn, wärend hire Virgesaten dra geschloen huet, respektiv, déi dono gehollef hunn, Spueren eliminéieren an Zeienaussoe gefälscht hunn, huet d’Geriicht jeeweils dräi Joer Prisong mat integralem Sursis zeréckbehalen. Doriwwer eraus hunn d’Polizisten Geldstrofen vun 10.000, respektiv 5.000 Euro kritt. Den Haapttäter däerf ausserdeem säi Beruff als Polizist fir 10 Joer net ausüben. Fir déi véier aner, zum Deel ganz jonk Polizisten, déi vun hirem Virgesaten ënner Drock gesat gi waren, huet d’Geriicht keng esou eng Interdictioun zeréckbehalen.

2019 gouf den Haaptugeklote mat zwou jonke Kolleeginnen zu Esch wéinst enger Kläpperei an e Café geruff. Wéi si koumen, hat sech d’Situatioun scho berouegt. Mee d’Affer, dat sollt mat engem Stull no engem anere Client vum Bistro geheit hunn, war staark alkoholiséiert. Ier de Mann konnt an d’Ausniichterungszell, huet awer en Dokter missen en Zertifikat ausstellen, datt hien haftfäheg wier. Dofir gouf d’Affer an d’Escher Spidol gefouert. Ma nach virum Café gouf et eng éischt Ausernanersetzung an d’Polizisten hunn de Mann tëscht de Sëtzer op de Buedem vun der Camionnette geluecht, fir hien an den Chem ze féieren.

Do hate si hien an e Rollstull forcéiert, obschonns e konnt goen. Dat huet dem Mann wéi gedoen, well d’Hänn um Réck an Handschellen hat. Hien huet versicht, sech géint déi Positioun ze wieren a krut dowéinst eng éischt vum Haaptugeklote mat der Fauscht an de Mo.

Ma d’Iwwerwaachungskameraen am Sas vum Chem weisen, wéi zwee vun de Polizisten d’Affer riets a lénks un den Äerm ugehalen hunn, fir hien zréck bei d’Camionnette ze bréngen. Du doung den Haaptugekloten seng verstäerkten Händschen un, huet de Kolleegen eppes zougeruff, déi sech mam Affer ëmgedréint hunn. Den Haaptugekloten huet e puer Schrëtt Ulaf geholl an ass dem Mann mat der Fauscht an d’Gesiicht gerannt. Dee goung direkt an d’Getten, d’Kolleegen hunn e missen an d’Camionnette geheien. Mat multipele Frakture a komplett geschwollenem Gesiicht hu si hien an d’Arrestzell bruecht a goungen dono net méi no him kucken. Déi nächst Schicht huet d’Affer Moies a sengem Blutt fonnt an direkt d’Ambulanz geruff. Der Fréischicht ass och opgefall, datt den Dokteschzertifikat keng Blessuren am Gesiicht vermierkt huet. Sou war schnell kloer, datt déi nom Passage beim Dokter am Chem entstane musse sinn.

Déi véier jonk Polizisten, déi mat ugeklot sinn, hunn d’Blutt am Gank um Kommissariat gebotzt, respektiv d’Camionnette botze gelooss. Si hunn hir eegen an d’Aussoe vun den Zeie gefälscht, fir datt et soll ausgesinn, wéi wann d’Affer schonn am Bistro am Gesiicht blesséiert gewiescht wär. Géint dëst Urteel ass bannent 40 Deeg Appell méiglech.