D'Stad Lëtzebuerg baut zwee Liichtathletikstadionen op Hamm
Plang vum Sportskomplex bis 2033
D’Infrastrukture solle fir d’Spiller vun de klenge Länner fäerdeg sinn. D’Liichtathletik ass awer nëmmen en Deel vun engem enorme Sportkomplex.
Bal 15 Joer gouf driwwer diskutéiert an elo lafen d'Virbereedungen um Knuedler op Héichtouren. D'Stad soll endlech hiren neie Liichtathletik-Komplex kréien, den Ersatz fir de Stade Josy Barthel. D’Zil ass et, bis Enn 2028, an da fir d'Spiller vun de klenge Länner, fäerdeg ze sinn.
En enormen a ganz ambitiéise Projet mat pluriannuellem Budget
Den éischten Deel vum Sportkomplex soll ronn 140 Millioune kaschten, sou d’Schätzungen haut. Ronn 16,5 Millioune ginn an d’Preparatioun vum Chantier. D’Liichtathletikstadione mat Hal kéime mam Amenagement ronderëm op 123 Milliounen.
Um Plang, deen RTL virläit, gesäit ee wéi de Plateau hannert den Haiser vun der Rue des Peupliers an der Rue de Hamm 2033 soll ausgesinn.
Fir d'éischt gëtt den Deel amenagéiert, deen dem Athletissem zegutt kënnt. Geplangt sinn: zwee Liichtathletikstadionen, een oppenen an ee fir ze trainéieren, mat enger Hal fir am Wanter. Net feelen dierf natierlech d’Tribün, déi dann eng éischte Kéier fir d’Spiller vun de klenge Länner, am Mäerz 2029, soll zum Asaz kommen.
Eréischt dono kënnt de Fussball un d’Rei – den aktuellen Terrain op dësem Site verschwënnt a gëtt duerch zwee neier ersat, wouvunner ee fir ze trainéieren ass. Zwou Sportshalen an natierlech eng Tribün si geplangt.
Infrastrukture fir jiddereen
Op de Site kéimen nach e Fitnessparcours, Geräter a Miniparken, mee och Basket a Beachvolley, erkläert d’Sportschäffin Simone Beissel. Fir dat Ganzt ofzerënnen, baut d'Stad dann nach eng Brasserie bei d’Fussballterrainen. Net feelen dierf natierlech och e gréisseren ënnerierdesche Parking an eng Busgare.
Net just d’Clibb, mee jiddweree kéint vun den Infrastrukture profitéieren, deels awer wuel nëmmen an de Schoulvakanzen, gouf am Gemengerot ugedeit.
Éischt Phas: Terrassementer a Viabilisatioun vum Terrain
Enner Zäitdrock heescht: am Mäerz soll mat de Preparatioune vum Terrain ugefaange ginn, dat heescht, dass d’Terrassementsaarbechte gemaach ginn, wou maximal 5 Meter an d'Déift Buedem erausgeholl géif. Dono leeft d'Viabilisatioun vum Terrain un, dat heescht, d’Installatioun vu Waasser, Stroum a Kommunikatiounsnetzer. Mee 2027 sollen dës Aarbechten ofgeschloss sinn.
Déi Gréng an déi Lénk kritiséieren de Manktem un Informatioun
Nodeems am Oktober déi éischt Phas vum Chantier am Gemengerot gestëmmt ginn ass, wëll de Schäfferot nach viru Chrëschtdag déi zweet Phas zum Vott stellen.
Wärend de Gros vun de Parteie sech begeeschtert iwwert de Projet weisen an deen net weider hannerfrot hunn, enthale sech déi Gréng an déi Lénk beim éischte Vott. Och wa si net un der Noutwendegkeet vun neie Sportinfrastrukturen zweiwelen, feelt et hinnen un Transparenz. Et kéint ee schlecht iwwer eppes ofstëmmen, wann een den Detail vun der nächster Etapp net géing kennen, sou d’Conseillère Linda Gaasch.
Weider Detailer iwwer dat, wat a punkto Liichtathletik wäert entstoen, wollt d'Buergermeeschtesch eis zu dësem Ament och keng ginn. Fir d'éischt misst de Gemengerot informéiert ginn an dat kéint nach an der leschter Dezember-Sitzung geschéien.